Cannabis an Alkohol konsuméiertCourse-poursuitte op der A13

RTL Lëtzebuerg
E Chauffer, dee vun der Police erwächt gouf, hat probéiert, nach fortzekommen.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf de Beamten op der A13 kuerz hannert der Sortie Fréiseng a Richtung Schengen en Auto gemellt, deen op der Pannespuer stoung. Wéi eng Patrull op d’Plaz koum, hunn d’Polizisten e Mann virfonnt, deen hannert dem Steierrad amgaange war ze schlofen.

D’Beamten hunn de Mann erwächt, deen dunn awer net mat hinne schwätze wollt, mä dunn einfach säin Auto beschleunegt huet. Hien huet probéiert, fir a Richtung Schengen fortzekommen. D’Beamten hu sech awer direkt drugehaangen an ëm Support gefrot. Enger zweeter Policepatrull ass et du gelongen, fir de Won kuerz virum Tunnel Markusbierg ze stoppen.

Beim Chauffer goufe ronn 50 Gramm Cannabis fonnt an och den Alkoholtest war positiv. De Mann huet dono och zouginn, Cannabis consomméiert ze hunn. Deementspriechend gouf hien och protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO