
D’Regierung plangt net, fir d’Schéisse vu Freedefeier dëst Joer iwwert de legale Kader eraus ze reegelen oder z’adaptéieren, dat geet aus der Äntwert vum Premier Xavier Bettel an der Inneministesch Taina Bofferding op eng dréngend parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt ervir.
Wéi déi zwee Ministere schreiwen, wier et tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies souwisou wéinst dem Couvre-feu verbueden, fir am ëffentleche Raum ze zirkuléieren. Deemno dierft een dann och déi Zäit kee Freedefeier ofschéissen. Freedefeier wier a ville Gemengen an deene meeschte Fäll och verbueden a just ausnamsweis ënner verschiddene Konditiounen erlaabt. Deemno gëllen d’Mesuren, déi duerch d’Gemengenautonomie, vu Gemeng zu Gemeng, verschidde sinn.
Dem Code pénal no kënne Persounen, déi sech net un d’Verbuet halen an awer e Freedefeier ofschéissen, mat 25 bis 250 Euro bestrooft ginn. Déi allermeescht Gemenge sinn och dëst Joer schonn op de Wee gaangen, fir Freedefeier ze verbidden.
Fannt hei den Iwwerbléck vun de Gemengen, déi eis matgedeelt hunn, ob bei hinne Freedefeier erlaabt ass oder netAn de leschte Jore scho sinn ëmmer méi Gemengeresponsabel op de Wee gaangen, fir keng Derogatioune méi fir d’Knupperte fir dat neit Joer ze ginn.