
Virsiichteg sozial Interaktiounen, sanitär Mesuren, de Contact tracing an de Large-Scale-Testing bleiwe wichteg, fir d'Ausbreedung vum Coronavirus hei zu Lëtzebuerg am Grëff ze halen an ze verhënneren, datt et trotz villen Impfungen zu enger neier Belaaschtung vum Gesondheetssystem kënnt, dat schreiwen d'Fuerscher vun der Covid-19-Taskforce an hirem neiste Rapport vun e Freideg a ginn den Ament fir déi nächst Woche vun ëm déi 100 Neiinfektiounen den Dag aus.
Nodeems d'Infektiounszuelen den hallwen August zeréckgaange waren, si mer antëscht nees quasi um selwechten Niveau ukomm wéi Enn Juli. D'Hausse vun den Infektioune kéint mat de Vakanzeretouren zesummenhänken an datt Leit fir Summer-Aktivitéiten zu vill zesummekommen, wou Distanzreegelen an Hygiènesmesuren net agehale ginn. Derbäi kënnt déi grouss Verbreedung vun der méi ustiechender Delta-Variant.
