Froestonn an der ChamberCovid-Informatiounscampagne, Liwwerenkpäss bei Medikamenter a Congé parental

Fanny Kinsch
An der Froestonn an der Chamber hunn d'Gesondheetsministesch an de Piraten-Deputéierte Marc Goergen eng Rei Äntwerten zum Thema Gesondheet a Famill ginn.

Fir d’Leit iwwert d’Covid-Impfung z’informéieren, wäerten elo am Wanter ënnert anerem Hostessen op de Chrëschtmäert present sinn, confirméiert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert der CSV-Deputéiert Diane Adehm an der Froestonn an der Chamber. Deen Deel vun der Campagne hätt an de leschte Jore Succès gehat. Et géing ee feststellen, datt een awer ëmmer manner Leit erreecht, déi nach guer net geimpft sinn. Dofir gouf och eng Hotline, déi zesumme mam CHL assuréiert gouf, viru Kuerzem agestallt. Fir eng Entreprise ze fannen, déi d’Presenz op de Wantermäert assuréiert, hätt et eng Ausschreiwung ginn.

De Conseil supérieur des maladies infectieuses ass amgaangen, un engem Avis ze schaffen, wat d’Covid-Impfung fir Kanner tëschent 6 Méint a 4 Joer ugeet, huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert dem DP-Fraktiounschef Gilles Baum geäntwert. Et wiere schonn 19.200 Impfdosissen disponibel a weiderer bestallt, fir de Fall, datt d’Impfung an deem Alter op d’mannst bei verschiddene Kanner recommandéiert gëtt. Si kéint sech virstellen, datt den CSMI sech änlech wéi am Ausland wäert äusseren, wéilt deem Avis awer net virgräifen, esou d’Ministesch.

Weidert Thema ware Liwwerenkpäss bei Medikamenter. Bis elo hätt een ëmmer nach Alternative fonnt zu Lëtzebuerg, huet d’Paulette Lenert dem DP-Deputéierten André Bauler geäntwert, ma dat Thema wier awer weider aktuell an eng Entspanung géing ee bis elo net gesinn. Et géingen awer Efforten an de groussen europäesche Länner gemaach ginn, fir nees méi Medikamenter an Europa ze produzéieren. Lëtzebuerg géing gréisstendeels aus der Belsch mat Medikamenter beliwwert ginn, sou datt Enkpäss do méi en Impakt hätte wéi zum Beispill an Däitschland.

Wann ee säi Kand wärend dem Congé parental verléiert, verfält dee Congé, dat wäert och esou bleiwen, äntwert iwwerdeems den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen. De Congé parental wier do fir eng Bindung mam Kand opzebauen, wat jo an deem Fall net méi kéint gemaach ginn. De Georges Engel huet awer ënnerstrach datt, anescht wéi de Piratendeputéierten et a senger Fro duergestallt huet, d’Elteren net mussen den Dag nom Doud vun hirem Kand nees schaffe goen, ma bis zu engem Mount Zäit hätten. Wann een net am Congé parental war, sinn et just fënnef Deeg. A senger Äntwert sot de Minister iwwerdeems, datt dëst Joer méi Pappe wéi Mammen de Congé parental ugefrot hunn.

D’Resultat vun der COP27 ass iwwerdeems enttäuschend – dat war de breede Konsens en Dënschdeg de Mëtten an der Aktualitéitsstonn an der Chamber. Wuel wier et e Fortschrëtt ginn, fir déi am stäerkste concernéiert Länner effektiv z’entschiedegen, ma soss wier een net viru komm. D’Ziler wiere just eng Kopie vun deene vu Glasgow zejoert, sot de CSV-Deputéiert Paul Galles, deen als Deputéierten och zu Sharm el-Sheikh dobäi war. De Paul Galles huet d’Decisioun verdeedegt, op d’COP27 ze reesen an ënnerstrach, et wier wichteg datt net just d’Regierung ma och d’Chamber dëse Prozess géing begleeden.

“D’Chamber ass op ville Plaze vertrueden an ech mengen dass et wichteg ass, dass mer och als Chamber bei der Regierung sinn, dass mer mat der Regierung am Dialog sinn an dass mer mat der Regierung zesumme kucken op wéi ee Wee dass se wëll goen. Dat war och scho säit Jore sou, ech hunn et als Traditioun iwwerholl, dass dat sou ass dass Vertrieder vun der Chamber matginn an ech fannen dat ganz hëllefräich well een dann natierlech och hei Rapport ka maachen an deem Moment an deem een et erlieft huet.”

Och wann op internationalem Niveau d’Klima-Ambitiounen niddereg bleiwen, misst d’Lëtzebuerger Regierung awer méi wäit goen, sot de Piratendeputéierte Sven Clement. D’Ëmweltministesch Joëlle Welfring huet d’Roll vun der EU ënnerstrach, fir datt finanziell Instrumenter ëmgesat ginn a fir ze verhënneren, datt d’Ofschlossdeklaratioun net ënnert de fréieren Ambitioune bleiwe géing. Ägypten hätt a senger Presidence net neutral gehandelt, huet d’Ministesch kritiséiert.

Back to Top
CIM LOGO