EttelbréckCovid-Kontroll mat Schwieregkeeten ënnert der Bréck vun der N7
RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwochowend ass der Police eng Grupp vu Persounen opgefall, déi ënnert der Bréck beim Kreesverkéier géint d'Reegele vum Confinement verstouss hunn.
Update: 23.04.2020 12:38
Wéi d'Beamte méi nokoumen, sinn d'Leit an all Direktioune fortgelaf. D'Police konnt der e puer erëmkréien. Bei der Kontroll goufe Reschter vun Droge fonnt. Eng Persoun huet refuséiert, sech z'identifizéieren. 3 Leit goufe protokolléiert.