
D’lescht Woch sinn d’Covidinfektiounen zu Lëtzebuerg op 908 Fäll an d’Luucht gaangen, dat geet aus dem Woche-Bilan vun der Santé vun e Freideg ervir.
An de Spideeler gëtt et och eng Hausse vun de Patienten. 13 Persoune goufen nei hospitaliséiert, géintiwwer 5 déi Woch virdrun. 2 Persoune sinn aktuell op der Intensivstatioun.
2 Persoune sinn a Relatioun mam Covid gestuerwen. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 86 Joer.