
D’Lëtzebuerger Rout Kräiz rifft d’Leit op, Blutt ze spenden, fir eng Penurie u Reserven ze verhënneren. Den Appell riicht sech u Leit, déi schonn Donateur sinn, mä et wier een och op der Sich no neien Donateuren.
Der Croix Rouge Luxembourg no kéint ee scho vum Ufank vun enger Penurie schwätzen. Zanter enger Partie Woche scho wieren d’Stocke vu roude Bluttkierpercher-Produiten ënnert dem Minimum, deen ee sech festgesat huet. D’Spideeler kéinte mat den aktuelle Bluttreserven nëmme sechs Deeg funktionell schaffen. Duerno géif ee riskéieren, an en Enkpass mat de Bluttreserven ze geroden.
D’Anne Schuhmacher, Directrice médicale am Centre de Transfusion sanguine vum Roude Kräiz: “En 2020 on a eu un élan de générosité très important de la part des donneurs, qui sont venus massivement, donc c’était une année excellente et je pense qu’après cette année difficile de covid les gens ont besoin de partir en vacances. Donc l’année dernière on a eu quelques difficultés mais cette année on a de plus grandes difficultés, donc cela fait au moins quatre ans qu’on n’a pas rencontré de telles difficultés.”
Bis elo konnt d’ONG awer nach ëmmer den Demandë vun de Spideeler nokommen. Dat kéint sech awer änneren, sou bal eppes Schlëmmes an Onerwaartes geschéie géing:
« J’espère qu’on n’arrivera pas lâ. Je pense que dans ce cas il faut faire des appels à la population plus insistants. On va aussi essayer de réguler le plus mieux possible les sorties. Il faut savoir que le Grand-Duché a des partenariats avec les pays frontaliers mais on n’est pas censé d’utiliser ces partenariats en dehors des situations de catastrophe. »
Fir d’Stocken erëm sou séier wéi méiglech opgefëllt ze kréien, sinn déi Leit opgeruff, sech ze mobiliséieren, déi reegelméisseg Blutt spenden. Nei Donateure wieren natierlech och zu all Moment wëllkomm, esou d’Lëtzebuerger Rout Kräiz.
Am Alldag dierft een sech awer net un de Konserven aus de Nopeschlänner zerwéieren. Och si hätte mat Penurien ze kämpfen.
D’ONG rifft souwuel aktuell ewéi och nei Donateuren dozou op, Blutt spenden ze kommen. A béide Fäll bréicht ee kee Rendezvous. Et misst ee just dorop oppassen, datt eng Covid-19-Infektioun méi laang wéi 4 Wochen hir ass.
Virun allem an de Vakanzenzäite sinn d’Bluttreserve ganz geréng. Dowéinst sollt een idealerweis, ier datt een an d’Vakanz fiert, Blutt spende goen: “La particularité du Luxembourg est que les gens partent parfois loin en vacances. Il peut avoir des contre-indications liées aux voyages par exemples certaines maladies tropicales dans le sud de l’Europe par exemple on peut être à risque de contracter le West-Nile-Virus par exemple. Donc le risque est qu’autour des vacances on soit confronté à une interdiction temporaire de donner son sang.”
Virun allem wann et een an eng méi tropesch Destinatioun zitt, kéint et sinn, datt een nodeems een aus der Vakanz zréckkënnt, fir eng Zäitche kee Blutt spende kéint. Dëst well de Risk besteet, tropesch Krankheeten duerch d’Blutttransfusiounen ze verbreeden.