BetzderCSV an LSAP wäerten an eng Koalitioun goen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz nodeem d'Resultater vu Betzder bekannt goufen, huet de Gemengerot matgedeelt, datt ee sech iwwert d'Posten eens wier.

Neie Buergermeeschter gëtt de Marc Ries vun der CSV, dee mat 995 och déi meeschte Stëmme krut. Schäffe ginn d’Sylvette Schmit Weigel (737) och vun der CSV an d’Marie-Claire Ruppert (642) vun der LSAP. Domadder féieren d’CSV an d’LSAP hir Koalitioun aus de leschte 6 Joer weider. Béid Parteie kommen zesummen op 6 vun 11 Sëtz, d’CSV huet ee bäigewonnen an d’LSAP ee verluer.

Domadder ginn déi Gréng mat 3 an d’DP mat 2 Sëtz an d’Oppositioun. D’Piraten hu kee Vertrieder an de Gemengerot kritt.

Fannt hei dat komplett Resultat

PDF: D'Schreiwes vun der CSV Betzder

Back to Top
CIM LOGO