
Den aktuelle Buergermeeschter Michel Wolter kritt mat 3.365 Stëmme bäi wäitem déi meescht. Dohannert kënnt den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten (2.488) an den CSV-Schäffe Frank Pirrotte (2.400). Ee Sëtzt all Kéier geet un déi Gréng fir d’Josée-Anne Siebenaler-Thill (1.242), un d’DP mam Jérôme Hautus (850) un d’ADR mam Fernand Kartheiser (725) an un d’Pirate mam Vincenzo Turcarelli (682).
Kuckt ee sech d’Prozenter un, esou verléieren d’CSV (-3,3), d’LSAP (-5,6) an déi Gréng (-3,7). Bäigewonnen hunn d’DP (+1,1), d’ADR (+3,3) an d’Piraten, déi aus dem Stand op 8,2 koumen.
Dat komplett Resultat vun der Gemeng Käerjeng op eiser Walsäit.