
An de leschte Stonne goufen der Police eng ganz Partie Fäll gemellt, an deene Persoune falsch Uriff kritt hunn, bei deenen an de meeschte Fäll keng Persoun geschwat huet, mä eng Opnam lafe gelooss gouf. Hei kritt een da gesot, dass e Mandat d'Arrêt géint ee géif virleien.
Bei dëser Zorte Arnaque versiche Krimineller an der Reegel, un perséinlech Informatiounen oder d'Bankdaten ze kommen. Affer géifen och dozou verleet ginn, Iwwerweisungen ze maachen oder Wäertgéigestänn ofzeginn.
D'Police betount an engem Schreiwes ganz kloer, dass sou Opfuerderungen weder den Normalfall bei der Police, nach bei der Justiz oder soss ëffentlech Acteure sinn.
Déi Onéierlech, déi hei um Wierk sinn, géifen dann och e sougenannte "Call ID Spoofing" asetzen, dat et erméiglecht, dass falsch Telefonsnummeren ugewise ginn. Doduerch mengen d'Affer, dass se vun enger Lëtzebuerger Nummer oder enger offizieller Agence zu Lëtzebuerg ugeruff kréien, wat allerdéngs net de Fall ass.
Fir z'evitéieren, dass ee selwer Affer vu sou falschen Uriff gëtt, sollt ee sech wa méiglech un eng Partie Rotschléi halen:
Virun allem eeler Persounen, déi een am Ëmkrees huet an déi méi dacks op esou Maschen erafalen, sollen informéiert an opgekläert ginn.
Sollt e Schued duerch esou en Uruff entstane sinn, soll ee sech bei der Police mellen. Weider Detailer an Infoe ginn et hei!