
Hie wéilt Buergermeeschter vu Péiteng ginn an hie géing keng Mandater méi cumuléieren, sou den aktuelle Schäffen a Süddeputéierten op Nofro hin. Wat géing geschéien, wann d’CSV d’Walen zu Péiteng net gewanne géing, do wéilt hie sech nach net festleeën, mee d’Chance wiere kleng, datt hien nach eng Kéier fir d’Chamberwale kandidéiert.
Bei enger Table ronde um Lokalradio “Péiteng on Air” sot de Jean-Marie Halsdorf , “Ech soen et elo offiziell: Ech ginn net méi mat an d’Walen, ech maachen nach just Gemengepolitik”. Hie wier zu där Conclusioun komm, nodeems den aktuelle Péitenger CSV-Buergermeeschter Pierre Mellina decidéiert hätt, nach mat an d’Walen ze goen, awer net méi an de Schäfferot.
Um Radio 100,7 sot de Jean-Marie Halsdorf e Méindeg de Moien dogéint, hie géing kee Mandat méi an der Chamber unhuelen, wann d’CSV zu Péiteng an d’Majoritéit kéim. D’CSV ass aktuell an enger Koalitioun mat der LSAP zu Péiteng. Déi zwou Parteie kommen zesummen op 12 vu 17 Sëtz. De Süddeputéierten, fréiere Minister a fréiere Péitenger Buergermeeschter hat bei de Walen 2018 déi fënneft-meeschte Stëmmen op der Südlëscht vun der CSV kritt.