EschCSV, DP an déi gréng komme fir Sondéierungsgespréicher zesummen

RTL Lëtzebuerg
Extrem spannend war et bis zum Schluss zu Esch. D'LSAP huet 29,57% vun de Stëmme kritt, géintiwwer 29,55% fir d'CSV.
Zu Esch wëllen CSV, DP an déi Gréng Sondéierungsgespréicher matenee féieren
Dat hunn d’Spëtzekandidate vun deenen 3 Parteien e Sonndeg den Owend zu Esch matgedeelt.

Et war e stännegen Hin an Hier zu Esch! Um Enn huet d’LSAP déi meeschte Stëmme kritt, nämlech 57.719, géintiwwer 57.683 fir d’CSV. Deemno hu ganzer 36 Stëmmen den Ënnerscheed gemaach. Vill méi knapp konnt et deemno net ginn.

De Georges Mischo huet déi meescht Stëmme kritt (4.977), ma knapp hannendru kommen de Steve Faltz (4.514) an d’Liz Braz (3.953) vun der LSAP.

Nodeems d’Resultat bekannt gouf, war d’Freed zu Esch bei der LSAP extrem grouss.

D'Freed bei der LSAP war grouss, nodeems bekannt gouf, dass se zu Esch gewannen.
D’Annick Goerens war deen Ament live fir RTL Radio Lëtzebuerg dobäi a konnt d’Emotiounen afänken.

An enger éischter Reaktioun sot de Steve Faltz sech um RTL-Mikro frou, datt de Wieler de Renouveau bei der LSAP ugeholl hätt. Fir hie war et deen Ament kloer, datt d’LSAP elo den Usproch misst hunn, fir eng Koalitioun ze bilden an de Buergermeeschter ze stellen.

De Steve Faltz am RTL-Interview
D’LSAP krut zu Esch déi meeschte Stëmmen.

CSV, DP an déi gréng komme fir Sondéierungsgespréicher zesummen

E Sonndeg den Owend spéit gesäit et awer esou, wéi wann dorausser näischt géing ginn. Georges Mischo, Pim Knaff a Meris Sehovic hu kuerz virun 23.30 Auer op enger gemeinsamer Pressekonferenz matgedeelt, datt ee sech drop gëeenegt hätt, fir d’nächst Woch Sondéierungsgespréicher ze féieren.

Zu Esch wëllen CSV, DP an déi Gréng Sondéierungsgespréicher matenee féieren
Dat hunn d’Spëtzekandidate vun deenen 3 Parteien e Sonndeg den Owend zu Esch matgedeelt.

Deemno kéint et sinn, datt d’Partei mat de meeschte Stëmmen, an dësem Fall d’LSAP, nees an d’Oppositioun muss.

Um Enn bleiwen d’LSAP an d’CSV bei 6 Sëtz. D’DP huet der weider 2. Déi Gréng verléieren 1 Sëtz an hunn der elo nach 2. Och déi Lénk verléieren 1 Sëtz a behale just nach 1. Dofir kommen d’Piraten an d’ADR nei an de Gemengerot.

De Schäffe Pim Knaff vun der DP war zefridde mam Verlaf vun de kuerze Gespréicher um Sonndeg:

Pim Knaff (DP Esch) zefridde mat Sondéierungsgespréicher

Déi komplett Resultater vun Esch fannt Dir hei.

Klickt hei, fir op den RTL-Walsite ze kommen

Back to Top
CIM LOGO