Nom Austrëtt vum Théo BlasenCSV-Fraktioun zu Clierf sicht en neie Partner

RTL Lëtzebuerg
Den Théo Blasen hat en Dënschdeg via E-mail de Gemengerot driwwer informéiert, datt hie wéinst Meenungsverschiddenheeten aus der CSV-Fraktioun austrëtt.
© RTL Archivbild

Nom Austrëtt vum CSV-Conseiller aus der CSV-Fraktioun am Clierfer Gemengerot, sichen déi Chrëschtlechsozial aus der Fusiounsgemeng elo en neie Partner.

Mam Austrëtt vum Théo Blasen aus der CSV-Fraktioun huet d’Ekipp ëm de Buergermeeschter Emile Eicher hir Majoritéit am Clierfer Gemengerot verluer.

Rumouers am Gemengerot Klierf / vum Claude Zeimetz

E Mëttwoch den Owend huet d’CSV Clierf decidéiert, bei all den anere Parteien lo de Bols ze fillen. Vun de Gréngen wier ee souguer selwer kontaktéiert ginn, sot den Député-maire am RTL-Interview. Wien um Enn vun DP, déi Gréng oder der Biergerlëscht mat an d’Boot soll geholl ginn, wollt de Syvicol-President en Donneschdeg de Moien nach net soen. Et wéilt ee sech Zäit loossen fir d’Sondéierungen an a Rou kucken, e Kompromëss ze fannen.

Déi Gréng hunn zwee Conseilleren zu Clierf, grad wéi d’DP. Donieft ass och nach e Vertrieder vun enger Biergerlëscht an der Oppositioun vun der Fusiounsgemeng. Mat deenen all hätt een an der Vergaangenheet gutt zesummegeschafft, betount den Emile Eicher. Et hätt kee Sträit tëscht de Conseillere ginn. Den Austrëtt vum CSV-Conseiller Blasen aus der Fraktioun awer hätt sech scho méi laang ugedeit. Hie wier net mat der Kommunikatioun zefridde gewiescht.

Den Théo Blasen wëll weiderhin als Onofhängegen am Clierfer Gemengerot siegéieren an hätt der Majoritéit zougeséchert, si och weider z’ënnerstëtze wéi en dat bis elo gemaach huet, sou den Emile Eicher.

Mat engem Resultat vun de Sondéierungsgespréicher ass net virun Ouschteren ze rechnen.

Back to Top
CIM LOGO