
D’CSV huet via parlamentaresch Fro d’Ëmweltministesch iwwer dës Virgäng interpelléiert an och d’Demarchë vun der Natur- a Bëschverwaltung hannerfrot.
Gefrot gouf ënnert anerem no der legaler Basis fir dës Aktioun an och op dierfte Plattformen a Kompost-Toiletten an engem Naturschutzgebitt amenagéiert ginn. Signatairë waren de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter an d’Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen.