
No der Reform vum Fonds du Logement, déi elo bal 2 Joer hir ass, muss een Audit gemaach ginn, ee Stresstest. Dat huet e Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber d’CSV Fraktioun gefuerdert, wéi et wärend der heure d’actualité iwwert de Fonds du Logement goung. Bei deenen enge gouf et vill Kritik, bei de Regierungsparteien: Iwwerraschung, datt de Sujet iwwerhaapt ugeschwat gouf. Viru Wochen hätt d’Ministesch Sam Tanson an der zoustänneger Chamberkommissioun Ried an Äntwert gestanen, huet et zum Beispill vum DP Deputéierte Max Hahn geheescht.
Net produktiv, net effikass, mä geldverschwenderesch an inert. Esou huet de Mëtteg den CSV-Deputéierte Marc Lies tëscht de Linnen d’Aarbecht vum Fonds du Logement beschriwwen. De Personal-Karussell, déi lescht Joren hätt Onrou an d’Institutioun bruecht. De Marc Lies huet do déi sëllechen Demissiounen opgelëscht. A Suen, déi duerch ee Feeler an d’Ausland iwwerwise goufen. Kritiken, déi net ausbloufen.
Marc Lies: "Mir hunn d’Flicht ze hannerfroen, firwat datt ee Promoteur public, deem seng Vocatioun ass sozial Wunenngen ze bauen, ëffentlech Gelder verschwenden deet."
Och un der Gouvernance, an do méi konkret un der Tutelle ënnert dem Ministère huet, d’CSV Fraktioun kee gutt Hoer gelooss.
Marc Lies: "Datt de Fong sech dëser Tutell een decken Handschung ugdunn huet, huet och de Staatsrot a verschidde Beruffskummeren verwonnert, iwwert de Kontrollwahn deen op de Fong ausgeüübt gëtt."
D’Reform vum Fonds du Logement dréit hir Friichten huet dogéint den DP Deputéierte Max Hahn gemengt an Zuelen avancéiert.
Max Hahn: "Natierlech kënnen déi Leit net derfir suergen, datt elo scho Wunnenge fäerdeg gebaut ginn, mee déi Leit sinn dofir agestallt ginn, fir dofir ze suergen datt mer an Zukunft déi Mammutprojeten déi mir zum Beispill zu Wolz an Diddeleng realiséieren, datt mir Manpower hannendrun hunn fir am Fong déi dote Projete gestemmt ginn, a net manner erwaarde mir als DP an als Chamber vun engem Fonds du Logement."
Et ass keng Diskussioun fir an d’Plenière, mä fir an d’Kommissioun, huet den Yves Cruchten vun der LSAP gemengt.
Yves Cruchten: "Déi Diskussioun haut, wéi se ugefrot ass, ass esou iwwerflësseg wéi ee Frigo um Nordpol, mir wëssen alleguerten datt de Fong schwiereg Zäiten hat, mee den Här Lies mécht sech eng Freed fir alleguerten déi Problemer opzezielen. Et freet ee sech awer firwat en bei 2014 ugefangen huet, en hätt och kéinte méi wäit an d’Vergaangenheet zeréck goen, do hätt en der nämlech och nach e puer fonnt."
Diskussioun misst net nëmme sinn wéi vill ëffentlech Bauträger sinn, mee iwwert dat datt de Gros vum Bauland an e puer privaten Hänn leit. De Sujet op den Ordre du Jour vun der Chamber ze setze wier ee politesche Calcul esou den Yves Cruchten.
D’Wunnengen, déi déi ëffentlech Hand zu Lëtzebuerg baut, ginn net duer. Mir brauche méi ëffentlech Wunnengen. Dat sot d’Logementsministesch Sam Tanson als Reaktioun op d’Kritiken. Si huet an deem Kader dann eng ganz Partie Projeten am Kader vun der Gouvernance vum Fonds du Logement ernimmt, déi zanter der Reform ëmgesat goufen oder och ustinn. Do géif zum Beispill un engem Cahier de charge type geschafft gi, fir méi séier a méi gënschteg weider ze kommen.
D'Ministesch Sam Tanson : "Et gëtt un engem Geo-Referenz System geschafft, baséierend op de Geo Portail, wou ee genee ka kucken, fir de Fong intern, de Fonctionnement, do sinn eis Terrainen, wou ass déi Prozedur drun, wéi vill Wunnenge sinn do geplangt, fir ze wësse wou een drun ass. Et ass een Dash Board ausgeschafft ginn, wou eng Bestandsopnam, déi ganz effikass, verständlech a visibel ass, fir ze wësse wou eis Demandeure lokaliséiert, wou sinn déi Leit déi eng Demande eragereecht hunn a Wunnraum brauchen. Et hëlleft fir Planungssécherheet. Mir schaffen un engem Guichet unique, och dat ass wichteg fir de Leit d’Aarbecht méi einfach ze maachen."
Den Ament schaffen 100 Persoune beim Fonds du Logement. Allerdéngs wiere 50 Persoune vun den 100 eleng fir d’Gestion du Patrimoine do, de Fong hätt 2.000 Logementer ze geréieren. Dofir kéint een och net d’Produktivitéit pro Mataarbechter rechnen, esou wéi d’CSV dat mécht, huet d’Sam Tanson erkläert.
De Fonds du Logement kritt och dacks d’Projeten Zitat “zougeschoustert”, déi schwéier ze realiséiere wieren, wou d’Terrainen zum Beispill sanéiert musse ginn oder protegéiert sinn. Esou datt de Fong op deene Plazen och net séier virukéim.