
No der Seance vun der zoustänneger Kommissioun den 7. Mäerz wier d’CSV op verschiddene Punkte skeptesch ginn, an hätt sech d’Fro gestallt, ob alles korrekt bei Join ofgewéckelt gouf. Et geet ëm verschidde Voleten, esou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, zum Beispill ëm Leasingsverträg, Paien a Geschäfter, wou net alles transparent wier. Faiten, déi den Direkter vun der Post, dem Claude Strasser och zum Deel confirméiert gi wieren, esou de Laurent Mosar.
Laurent Mosar: Do ass zum Beispill gesot, datt fréier Aktionäre vun deene Join-Gesellschaften ënnert eneen mat verschiddene Firme Leasingverträg iwwer Autoen an iwwer Haiser gemaach hätten. Dat ass vum Direkter vun der Post bestätegt ginn. D’CSV ass der Meenung, datt do eventuell deen een oder aneren Fait kéint strofrechtlech Konsequenze mat sech bréngen. Am Artikel 23 vum Code de procédure civile gëtt et eng Obligation fir Autorité constitutée, dozou gehéiere mir als Deputéierten, dat ze mellen.
An dofir muss een Deputéierten am Kader vu sengem Mandat an der Chamber - soubal e mengt, datt eng penal Infraktioun kéint virleien - dat mellen. De Laurent Mosar ënnersträicht awer, datt hei näischt bewise wier, eleng den Doute géif duergoen, fir de Chamberpresident z’interpelléieren.
Laurent Mosar:Mir hunn elo d’Demande gestallt, datt den Dossier vun der Chamber soll viru gi ginn. Wann d’Chamber, wat ech mer net ka virstellen, elo géif decidéieren, dat net ze maachen, da maache mir 4-5 Deputéierten dat, déi d’lescht Woch an der Kommissioun waren. Well mir der Meenung sinn, datt den Artikel 23 vum Code de Procédure pénale esou kloer ass, datt en eis keen anere Choix léisst.
An engem Communiqué fuerdert d’Fraktioun vun de Chrëschtlech Sozialen, datt de Procès-Verbal an de Verbatim vun der Wirtschaftskommissioun un d’Justiz weidergereecht gëtt.