D’CSV fuerdert en Demonstratiounsgesetz, also kloer Reegele bei Manifestatiounen. Besonnesch, wann dës illegal sinn oder a Gewalt ausaarten, brauch de Rechtsstaat aner Moyenen. Doriwwer eraus hunn d’CSV-Deputéiert e Méindeg de Moien nach e puer Propose gemaach, wéi een dësen deels neie Situatioune soll mat Upassungen am Gesetz begéinen. Ëmmer natierlech am Respekt zu der Meenungsfräiheet vu jidderengem.
Meenungsfräiheet an Demonstratiounsrecht wieren extrem wichteg, mä dëst ëmmer am Respekt vun anere Leit an am Respekt vun der Police, huet den CSV-Fraktiounspresident Gilles Roth ënnerstrach. Gewalt a Chaos wéilt een och an dëse méi schwieregen Zäiten net toleréieren. Mir sinn der Meenung, datt ee muss dem Staat all déi Mëttele ginn, fir datt een de Rechtsstaat och juristesch kann duerchsetzen. An datt och d’Police de Rechtsstaat am Interessi vun de Leit um Terrain an an der Praxis kann ëmsetzen.
Den Drock vun der CSV géing da Wierkung wéisten, heescht et. Déi Gréng Justizministesch Sam Tanson huet d’lescht Woch nämlech ugekënnegt, datt d’Strofe bei Rebellioun géint d’Staatsgewalt op 3 Joer erhéicht ginn an och d’Späizen op Poliziste géif ënner Strof gestallt. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar gëtt Detailer zu der Situatioun um Terrain. Déi Poliziste gi bespaut, kréie Frechheete gemaach, gi physesch an och iwwer déi sozial Netzwierker permanent verbal agresséiert. Och do soe mir: Dat dote geet net.
D’Regierung huet dann d’lescht Woch zougeséchert, datt Beamte sollen d’Méiglechkeet kréien, sech méi einfach a bestëmmte Kreesser fir hir Enquêten ze infiltréieren. D’CSV wëll awer, datt ee méi wäit geet, an an Zukunft och déi Strofe kréien, déi bei illegalen Demonstratiounen am Hannergrond d’Fiedem zéien, wéi se Léon Gloden erkläert. D’Organisateure vun illegale Manifestatioune mussen zur Rechenschaft gezu ginn. A Frankräich kann een dofir zum Beispill bis zu 6 Méint Prisong kréien an eng Geldstrof vu bis zu 7.500 Euro.
Doriwwer eraus fuerdert d’CSV, datt ënner bestëmmte Konditiounen och Demonstratioune kënne ganz verbuede ginn.
Ma och al Fuerderunge vun der CSV wéi de generelle Platzverweis goufe widderholl. E partielle Platzverweis géing nämlech an deem heite Kontext net duergoen, heescht et. Wisou dat mat de Bodycams fir d’Polizisten esou laang dauert, ass dann eng Fro, déi ee sech stellt.