
An der Aktualitéitsstonn an der Chamber, déi d'CSV gefuerdert hat, hunn d'Oppositiounsparteien kritiséiert, datt et un Transparenz am Dossier Google géing feelen. D'Martine Hansen huet ënnert anerem Froen a puncto Energieverbrauch opgeworf.
Wéi grouss ass den Stroumverbrauch vu sou engem Datenzenter? Den Här Minister Schneider hat de Verbrauch impressionnant beschriwwen. Wat heescht genee impressionnant? An der Press hunn ech gelies, 2500 Gigawatt Stonne pro Joer. Do kann ee sech wahrscheinlech net alles drënner virstellen, mee dat ass zwee Mol méi, wéi all eis privat Haushalter zesummen, et ass 1/3 vum gesamte Stroumverbrauch hei zu Lëtzebuerg. Da stellt sech d'Fro, wéi kann dee Stroum geliwwert ginn?
D'Diskussioune ronderëm den Energieverbrauch, mä och de Flächen- a Waasserverbrauch géinge gefouert ginn, huet den Wirtschaftsminister Etienne Schneider betount. Mä et géing nu mol nach kee Projet "Google" virleien an dofir misst een, ob ee wéilt oder net, sech gedëllegen, bis den Terrain ëmklasséiert ass a Google e konkrete Projet presentéiert:
Ech muss iech awer alleguer heibanne soen, datt ech d'Manéier, wéi Google kommunizéiert, e bëssen timide fannen, bëssen ze vill timide souguer, wëll ech fannen, datt se à la base e gudde Projet hunn a besser hätten, de Leit scho méi konkret ze soen, wat se sech virstellen, hei ze maachen. Mä de Moment ass et nu mol sou datt dat net de Fall ass.
Den Energieminister Claude Turmes ass dann och op de Verbrauch vun Energie, Fläch a Waasser agaangen:
Wéi vill Energie bei Google verbraucht gëtt, wéi vill Waasser konkret gebraucht gëtt, wësse mer eréischt, wa Google e Kommodosdossier erareecht. Ech fannen et ganz erstaunlech, datt hei Leit, déi schonn emol an enger Regierung waren, maachen, wéi wa mir keng Prozeduren hei am Land hätten.
D'ADR huet donieft eng Motioun preparéiert, déi d'Regierung opfuerdert, eng Impaktstudie ze maachen. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet heirop reagéiert:
Mir kréien eng Ëmwelt-Impakt-Etüd. Dat ass an eise Prozedure virgesinn. Dofir ass déi Motioun och hifälleg. Et ass genee dee Moment, wou mer all Donnéeën um Dësch wäerten hunn a kënnen iwwer Technologie schwätzen an eis e Bild maachen. Dee Moment stëllt d'Firma d'Auswierkungen op d'Ëmwelt am Beräich Kaméidi, Loft awer och Waasser a Stroum eréischt duer.
D'Regierung huet betount datt een de Projet eréischt dann bewäerten kéint wann en virleie géing.