
Virun allem innerhalb vun der Europäescher Unioun hätt ee Verännerungen, déi sech iwwert déi lescht Joren ugedeit hätten, net eescht genuch geholl, net séier genuch reagéiert, esou d'Kritik vum Claude Wiseler vun der CSV.
Virun allem d'Tierkei wier verantwortlech fir vill Doudeger am Konflikt tëscht dem Aserbaidschan an Armenien, an hätt déi lescht Jore quasi fräi Hand gehat.
"D'Verantwortung fir honnerten Doudeger, enger massiver Zuel vu Leit, déi op der Flucht sinn, ass hei vun der Tierkei ze droen. Et gëtt eng destabiliséierend an aggressiv Aussepolitik gemaach an déi tierkesch Politik stellt sech géint d'Valeure vun der EU-Aussepolitik a provozéiert dës. An et deet mir wéi ze gesinn, datt d'EU net uerdentlech an zolidd genuch reagéiert.“
D'EU wier oneens no bannen a virun allem schwéierfälleg. Hei fuerdert den LSAP-Deputéierten, Yves Cruchten weider eng qualifiéiert Majoritéit bei wichtege politeschen Decisiounen.
„Fir datt, d'Europäesch Unioun sech an dësem Kontext behaapte kann, muss se reaktiv sinn a séier mat enger Stëmm schwätzen. Mir stinn dowéinst nach ëmmer hannert der Fuerderung d'Unanimitéit an aussepolitesche Froen ofzeschafen an Decisiounen op enger Basis vun enger Majorité qualifié ze huelen.“
Och bei der Rechtsstaatlechkeet, schéngt ee sech bei der CSV an LSAP op der nämmlechter Spuer ze leien.
„Dofir brauche mer eng staark international Mënscherechtsarchitektur. Mir mussen d'Mënscherechter an eis demokratesch Wäerter uechter d'Welt kategoresch verdeedegen. Eklatant Verstéisst géint internationaalt Recht musse mer kloer verurteelen a Länner, wann néideg, un de Pranger stellen. Naming and shaming."
Déi gréissten Oppositiounspartei fuerdert iwwerdeems och konkret Zilsetzunge vum Ausseministère. E konkrete Plang, fir net just op Situatiounen ze reagéieren, mee och aktiv um Terrain mat ze participéieren. Et misst méi zolidd duerchgegraff ginn, esou d'Fuerderung vun der CSV a Richtung Jean Asselborn.
Deklaratioun vum Jean Asselborn: Corona-Kris, Migratioun, Brexit a Relatioune mat den USA am Fokus