Deklaratioun vum Jean AsselbornCorona-Kris, Migratioun, Brexit a Relatioune mat den USA am Fokus

RTL Lëtzebuerg
An der Chamberplenière huet den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch de Mëtteg seng Deklaratioun iwwert d’Lëtzebuerger Aussen- an Europapolitik gemaach.
Deklaratioun vum Jean Asselborn
An der Chamberplenière huet den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch de Mëtteg seng Deklaratioun iwwert d’Lëtzebuerger Aussen- an Europapolitik gemaach.

Aussepolitesch Deklaratioun / Reportage Claudia Kollwelter

„Mir mussen Akzenter a Prioritéite sëtzen, a strategesch virgoen.“ Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber a senger Deklaratioun iwwert d'Aussepolitik betount. Den zoustännege Minister huet betount datt d'Kris fir Vulnerabilitéit gesuergt huet, fir Fragilitéit vun der ganzer Weltuerdnung, déi een zanter dem Zweete Weltkrich mat opgebaut hätt.

Op Lëtzebuerger Niveau huet de Jean Asselborn ervirgestrach, datt am Kontext vun der Kris déi gréisste Rapatriementsaktioun organiséiert gouf. Am Laf vun der Kris goufen iwwer 1.000 Lëtzebuerger a Residente vu Lëtzebuerg, mat der Hëllef vum Ausseministère zréck op Lëtzebuerg bruecht.

D'Kris hätt awer donieft och villes vun deem, wat als selbstverständlech ugesi gouf, a Fro gestallt gëtt. Notamment d'oppe Grenzen an d'Beweegungsfräiheet an der EU. Eng Kris géif awer och d'Méiglechkeet bidden, Lektiounen ze zéien, an do huet de Jean Asselborn ënnert anerem e besseren Dialog iwwert d'ëffentlech Gesondheet genannt, awer och iwwert Ëmweltschutz oder weltwäit Fréiwarnsystemer fir Krankheeten, un deenen elo misst geschafft ginn.

„Et muss nees agesi ginn, datt de Fridden nëmmen eng Chance huet, wann de Staarken dat internationaalt Recht respektéiert an de Schwaachen dat internationaalt Recht fir seng Verdeedegung beusproche kann. Wann een nees kloer weess, wat richteg a wat falsch am Auerwierk vum Planéit tickt.“ Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn nach a senger Deklaratioun ënnerstrach. Eng Deklaratioun mat natierlech engem staarken Accent op der aktueller Pandemie. Net just national, och op europäeschem an internationalem Niveau hätt d’sanitär Kris ee virun vill Erausfuerderunge gestallt, sot de Jean Asselborn. Ma et hätt ee gesinn, datt kee Land d'global Erausfuerderunge vun der Kris eleng meeschtere kéint.

Extrait Jean Asselborn

"Grad an dëser Zäit vu Vulnerabilitéit kënnen a solle mir eis net verstoppen. Et ass ons Flicht, als Lëtzebuerger, als Europäer, als Deel vun der internationaler Communautéit Faarf ze bekennen, keng Indifferenz ze weisen. Mir mussen eis méi wéi jee aktiv engagéieren, an Europa an doriwwer eraus, fir d’Interessie vun eisem Land a vu senge Bierger, fir d’Grondwäerter vun der Demokratie, fir eng Weltuerdnung, déi op kloer Reegele fousst, fir e friddlecht, sozial gerecht a klimagerecht Zesummeliewen, wou keen an den Abseits gedréckt gëtt."

Wat d'Migratiounspolitik betrëfft, huet den Ausseminister betount, datt een e méi gerechte System brauch. „Mir brauche Resultater fir eng méi human an effikass europäesch Migratiounspolitik. De Problem ass net d’Migratioun, mee eis Gestioun dovun“, esou d'Wierder vum Jean Asselborn.

Am Hibléck op den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU den 1. Januar 2021 ënnersträicht den Ausseminister, datt et grouss Ännerunge wäerte ginn, egal ob een en Accord fënnt oder net. Trotzdeem géif d'UK en enke Partner vu Lëtzebuerg an der EU bleiwen.

Sujete vun der Ried iwwert d'Aussepolitik waren donieft ënnert anerem d'Schlësselroll, déi Russland op ville Plazen op der Welt spillt. Aus deem Grond misst den Dialog mat Russland och oprecht erhale ginn. Russland wier en onëmgänglechen Noper vun Europa, mee d’Prinzippie vun der EU an d'Sanktiounen dierften net a Fro gestallt ginn an d'Situatioun vun de Mënscherechter am Land misst och ëmmer erëm thematiséiert ginn. Am Kontext vum Friddensprozess tëscht Israel a Palestina huet de Jean Asselborn vun enger Sakgaass geschwat. E Liichtbléck fir do eraus ze komme gesäit hien am neien US-President Joe Bidden.

PDF: D'Deklaratioun vum Jean Asselborn

Back to Top
CIM LOGO