"Méi no, méi beweegen"CSV geet mat 4 Kärthemen an d'Gemengewalen

RTL Lëtzebuerg
Méi Zesummenhalt, eng besser medezinesch Versuergung, Wunnengsbau an d’Sécherheet, dat sinn d’Kärtheme, mat deenen d'CSV an d'Gemengewale geet.
CSV geet mat 4 Kärthemen an d'Gemengewalen
Méi Zesummenhalt, eng besser medezinesch Versuergung, Wunnengsbau an d’Sécherheet, dat sinn d’Kärtheme, mat deenen d’CSV an d’Gemengewale geet.

Am ganze 696 Kandidaten zéie fir déi Chrëschtlech-sozial an d’Gemengewalen. Dat sinn der e bësse manner ewéi nach 2017. 63 % vun de Kandidate si Männer, 37 % si Fraen. An de 56 Proporzgemengen hätt ee 45 komplett Lëschten an zwou assimiléierter. 74 Kandidate wären Auslänner, 18 verschidden Nationalitéite wäre vertrueden, huet et en Dënschdeg de Mëtteg op der Pressekonferenz, op där d’CSV hier Kärtheeme fir d’Gemengewale presentéiert huet, geheescht.

4 Kärthemen gëtt d’Partei hire lokale Sektioune mat an d’Walcampagne: Zesummenhalt, de Logement, d’Sécherheet an eng besser medezinesch Versuergung, och um lokale Plang.
D’Waardezäit bei den IRMEn wier zum Beispill inakzeptabel. soud’CSV CO-Generalsekretärin Stéphanie Weydert.

“Mir sinn am Moment an enger zwou Klasse Medezin, wou déi eng sech et leeschte kënnen an déi ginn einfach an d’Ausland. Déi aner hu Pech a musse waarden. Dat ass fir ees en Zoustand, deen net acceptabel ass. Dofir wëlle mir d’medezinesch Versuergung gär méi no bei de Leit schafen op lokalem Niveau. Zum Beispill duerch Gemeinschaftspraxen, déi ee kann an de Gemengen usidelen, wou Spezialisten a Generaliste sinn. Déi mussen net permanent do sinn, mä zum Beispill 1 Mol d’Woch fir eben eng no Ulafstell ze hunn.”

Beim Logement wier et esou, dass kleng Gemengen eng Assisstance Technique bräichten, fir Bauprojeten ze entwéckelen. De soziale Wunnengsbau sollt méi gefërdert ginn, datt jonk Famillje kéinten an hire Gemenge wunne bleiwen. E Kader fir Tiny Houses a WGë soll geschaaft ginn.
Punkto Sécherheet, ass d’CSV fir eng Gemengepolice, déi zwar um d’Police Grand-Ducale rattachéiert wier, awer och zur Dispositioun stéing wann d’Gemengepäpp oder -Mammen se bräichten. Beispillsweis wa Gemengereglementer net agehale géifen oder et generell Sécherheetsbedenke géif.

Aktuell sinn déi Chrëschtlech-sozial a 70 Gemenge mat um Rudder, a 46 stelle se de Buergermeeschter. D’CSV wär staark an de Gemengen. Wéi wichteg dat wär, fir der Regierung Paroli ze bidden, géif de Käerjenger Contournement illustréieren, wou jo lo no laange Joren eng nei Variant um Dësch läit, sou de Co-Generalsekretär Christophe Hansen.

“Wa mer do nach eng Kéier réckgängeg maachen, dat gëtt eigentlech de Geck gemaach mat dem wat an der Chamber decidéiert ginn ass. Et gëtt de Geck gemaach mat de Gemengen. An ech mengen, hei ass eng staark Gemeng ganz kloer am Recht. Och fir déi néideg Schrëtt do dogéint anzereechen, well et ass am Interêt vun de Kanner, déi Moies an d’Schoul duerch d’Ofgase mussen trëppelen. Et ass och am Interêt vun de Leit, déi mussen all Dag schaffe fueren, dausende Leit. An ech mengen, dat ass eng onverantwortlech Entscheedung, déi den Här Bausch do geholl huet.”Et wier eng Erausfuerderung, fir aus dëse Gemengewalen nach méi staark erauszegoen wéi 2017. Esou de Christophe Hansen. Et wär de leschten Härtetest virun de Chamberwalen. Och wann net all déi selwecht Kandidaten untriede géifen.

Back to Top
CIM LOGO