
D’Haaptelementer vum neie Covidgesetz si jo den 2G-Regime fir Fräizäitaktivitéiten an am Horeca an den obligatoresche CovidCheck fir jiddereen op der Schaff vum 15. Januar un. Heizou huet sech de Conseil d’Etat bis elo nach net geäussert. D’CSV huet zwar grouss Bedenken, wat d’Covidsituatioun an der Schoul ugeet a wëll de Minister en Dënschdeg dozou nach emol zu Ried stellen. Fir de Rescht gesäit de Claude Wiseler d’Covidgesetz mat der Aféierung vum 2 an 3G éischter positiv. Datt d’Regierung Ausname fir déi Leit geschaaft huet, déi aus gesondheetleche Grënn net kënne geimpft ginn. Déi hätten an engem 2G-System äusserst Schwieregkeete gehat.
D’CSV gëtt donieft hir Zoustëmmung zu de Lëschten, déi e Betrib kann opstelle mat Leit, déi fräiwëlleg uginn, ob se geimpft oder geheelt sinn, fir esou net all Dag musse säi Zertifikat mussen ze weisen. Nach net gekläert ass allerdéngs bis elo, wéi laang engem säin Impfzertifikat gülteg ass. Hei hänkt Lëtzebuerg och vu Bréissel of.
D’Piraten hätte sech am aktuelle Kontext méi eng breet Teststrategie gewënscht. Et misst vill méi getest ginn, och bei de Geimpften an de Geheelten, Stéchwuert 2G an 3G+, soss géif ee riskéieren, d’Kontroll ze verléieren, sou de Sven Clement. An den Ae vun de Piraten ass dat do Gesetz eng Fortféierung vun der Politik wéi se d’Regierung bis elo gemaach huet. Dat wier net déi schlechtste Politik, mä et riskéiert een definitiv d’Kontroll ze verléieren, wa bis d’Omikron-Variant zu Lëtzebuerg ass an déi Geimpften a Geheelte komplett vun den Tester raushuelen.
De Rapporter Mars di Bartolomeo sot am RTL-Interview, d’Testoffer kéint zu all Ament eropgefuer, wann d’Situatioun et verlaangt. D’Impfe wier zwar e wesentleche Schlëssel géint d’Kris, mä géif eleng net duergoen. Et dierf een net mengen, dass d’Impfen e “Fräifaartsschäin” ass, d’Gestes-barrière musse bäibehale ginn. Et géing een och näischt Schlechtes maachen, wann ee sech selwer reegelméisseg test.
D’Deputéiert waarden elo mat Spannung op dem Staatsrot säin Avis zum CoviCcheck op der Aarbecht. Dat neit Gesetz wäert fréistens en Donneschdeg gestëmmt ginn.
Santéskommissioun: Dat neit Covidgesetz gouf schonn iwwerschafft