Dat sot e Mëttwoch de Moien den CSV-Europadeputéierten Frank Engel am RTL Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Et wier net um Nationalrot, mä um Nationalkongress wou déi Decisioune geholl ginn, ënnert anerem wat d'Poste vum Generalsekretär an dem Parteipresident betreffen. An dee kënnt eréischt am Januar beieneen, sou den CSV-Politiker, deen och selwer an der Reunioun vum Nationalrot dobäi war.
Et kéint ee sech net elo scho selwer aus der Course huelen, huet de Frank Engel betount. Zemools zu engem Zäitpunkt, wou 3 Parteie mateneen ufänke mat verhandelen, mä wou nach guer net sécher ass, ob di dräi Parteien och effektiv en Accord fannen. De Fall gesat et géif schif goen, da krich d'CSV d'Méiglechkeet sech eventuell un enger Regierungskoalitioun ze bedeelegen. Den CSV-Europadeputéierten huet vun enger skurriller Situatioun geschwat.
De Fränk Engel huet net ausgeschloss, dass d'CSV och Deel vun enger Dräierkoalitioun kéint sinn. Et wier eng Tatsaach, dass d'Zäit vu groussen a staarke Volleksparteien an Europa eriwwer ass. Dat wier eng Realitéit an et misst ee sech beméien, fir aus Walresultater dat bescht ze maachen. Et wiere gutt an intressant Saache méiglech, wat net onbedéngt eng Suite vun der aktueller Regierungskoalitioun wier, sou nach den Invité vun der Redaktioun, deen nach eemol drop higewisen huet, dass d'CSV och weiderhin di stäerkste Partei am Land ass.
Et ass normal, dass en Dënschdeg am CSV-Nationalrot nach keng Decisioun geholl gouf, wat personell Changementer un der Parteispëtzt uginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.