Nom Jean Asselborn senger DeklaratiounCSV: "Lëtzebuerger Aussepolitik, e Blindflug ouni Pilot, ouni Plang an ouni Zil"

RTL Lëtzebuerg
Et goung e Mëttwoch an der Chamber mat Amenter bësse méi haart hier, wéi dem Jean Asselborn seng aussepolitesch Deklaratioun debattéiert gouf.
© RTL Archivbild

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler sot, zënter bal 20 Joer hätt hien d’Impressioun, datt d”'Lëtzebuerger Aussepolitik e Blindflug ass, ouni Pilot, ouni Plang an ouni Zil” wier. Déi gréisst Oppositiounspartei ass der Meenung, Lëtzebuerg bréicht méi Koherenz an der Aussepolitik an eng Aussepolitik, déi hirem Numm géif gerecht ginn.

Ee vun de Punkten, déi d’CSV kritiséiert huet, war d’Noost-Politik. Lëtzebuerg hätt do eng eesäiteg Haltung. De Claude Wiseler sot, hien hätt zum Beispill Onversteesdemech fir verschidde Resolutiounen, déi um Niveau vun de Vereenten Natioune gestëmmt géifen.

Zum Beispill deem Vott, wou mer Israel condamnéiere wéinst Verstéiss géint d’Fraerechter. An da mat Saudi-Arabien, Jemen, Pakistan an dem Iran stëmme mir eng Motioun, fir Israel géint d’Fraerechter ze condamnéieren. Do muss ech awer soen, wat soll dat? Wat soll dat? Ass dat wierklech seriö gemengt? Fir eis ass dat total onverständlech.

Dem Ausseminister huet een um Enn vun den Debatten net misste fléiwen, fir Erklärungen ze ginn.

Et géif ëm eng Resolutioun iwwert d’Situatioun vu palestinensesche Frae goen an d’Hëllef, déi se bréichten. E Pabeier, deen am Wirtschafts- a Sozialrot vun de Vereenten Natioune gestëmmt gi wier. Vun de 54 Membere gouf se vun enge 40 Länner ugeholl, déi de Jean Asselborn all eenzel opgezielt huet. Do waren och Länner drënner wéi Frankräich an d’Belsch oder Holland a Portugal. D’Resolutioun wier och net just 2019 gestëmmt ginn, wéi Lëtzebuerg Member an deem Gremium war, mä och 2022, wéi dat net méi de Fall war, esou en zimmlech opbruechte Jean Asselborn, dee wollt wëssen, wéi een him do kéint virgeheien, eng Resolutioun géint Israel ze maachen.

Ma dat mécht een dach net dat do. Wann een esou eppes seet, da muss ee sech dach informéieren an dir kritt Informatioune vun eis esou vill wéi der wëllt, iwwert dat, wat mer op der UNO maachen. BASTA! Et ass schlëmm dat do! Schlëmm vun enger grousser Partei hei zu Lëtzebuerg, déi esou verluge Saachen hei kann erzielen. Verluge Saachen! Verluge Saachen!

D’Wuert “verlugen” huet de Jean Asselborn bësse méi spéit zwar zeréckgeholl, hie sot, hie wier e wéineg an der Emotioun gewiescht. Aussepolitik wier awer eppes, wat d’Land betrëfft an net e Match tëschent de Parteien.

Back to Top
CIM LOGO