Den Nationalrot vun der CSV huet en Dënschdeg an der Mëttesstonn unanime gréng Luucht fir Koalitiounsverhandlunge mat de Liberale ginn.
No der Reunioun zu Stroossen sot de Formateur Luc Frieden, datt et schonn e Mëttwoch lassgeet mat de Gespréicher.
Um Sennenger Schlass ass eng éischt Reunioun tëscht CSV an DP. Do wäerten de Kalenner an d’Methodologie determinéiert ginn, sou de Luc Frieden.
Op Säite vun der CSV wäert d’Verhandlungsekipp 10 Memberen hunn. Delegatiounschef vun de Chrëscht-Sozialen ass de Claude Wiseler.