Duebelmandater: Jo oder Nee?Cumul vu politesche Mandater schwiereg ze stemmen

Maxime Gillen
Am Fong si se sech alleguer eens an awer ass bis ewell näischt geschitt: de Cumul vu politesche Mandater ass eng grouss perséinlech Erausfuerderung.

Duebelmandater: Jo oder Nee? (1) / Rep. Maxime Gillen

De leschte Freideg huet den LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel säi Mandat als Suessemer Buergermeeschter opginn. Dat well béid Aufgaben einfach net eleng ze stemme sinn. Allgemeng sinn d'Parteie sech och eens, dass politesch Mandater net solle cumuléiert ginn, ma déi eng sinn dobäi méi presséiert wéi anerer, fir Neel mat Käpp ze maachen.

Déi Lénk hunn net gewaart, dass e Gesetz dës Fro fir si reegelt. Si hunn an hire Statute stoen, dass ee sech tëscht deenen zwee Poste muss decidéieren, sollt ee gläichzäiteg als Schäffen oder Buergermeeschter an Deputéierte gewielt ginn. E Cumul vun de Mandater féiert an hiren Aen dozou, dass ze vill Muecht op eenzele Persoune konzentréiert gëtt.

Derbäi kéim, dass et och ze vill Aarbecht fir eng eenzel Persoun wier, esou de Porte-Parole vun déi Lénk, Gary Diderich: „Ganz kloer, et kann een net déi zwee Mandater anstänneg ausfëllen. Et kann een et bei jidderengem observéieren, deen dat mécht, dass en entweder op där enger oder där anerer Plaz absent ass."

Ganz änlech gesäit een dat bei der LSAP. Dem President Yves Cruchten no, wier et immens schwéier, zwee Mandater ënnert een Hutt ze kréien: „Ech hunn héije Respekt virun deenen, déi Buergermeeschter an Deputéierte sinn. Dat ass vill Aarbecht. Do huet een dann net méi vill Fräizäit. Virun all deenen zéien ech mäin Hutt. Ech sinn awer der fester Iwwerzeegung, dass et eiser Chamber gutt géif doen, wa mer dat géifen trennen. An et géif och eise Gemenge guttdoen, well e Buergermeeschter mengen ech haut net méi niewelaanscht ka gespillt ginn."

Haut wier e Buergermeeschter a senger Gemeng all Dag gefuerdert an d'Gemenge géifen et och verdénge Buergermeeschteren ze hunn, déi déi néideg Zäit dofir hunn.

De Premier hat viru gutt engem Joer d'Parteie gefrot, hir Propositiounen zu enger Reform vum Walgesetz ze maachen. An deem Kader hunn ënnert anerem och déi Gréng gefuerdert, dass de Cumul vu Mandater soll ofgeschaaft ginn, esou d'Co-Presidentin Djuna Bernard.

Dat war ee grousse Punkt dran, dass mir effektiv fannen, dass hautzedaags mat der Komplexitéit vun de politesche Mandater an de steigenden Ufuerderungen, grad och op Gemengenniveau, d'Amt vun engem Buergermeeschter an engem Deputéierten net kompatibel ass."

Einfach ofschafen oder verbidde wier awer och keng Léisung. Dofir misste fir d'éischt Statute geschaaft ginn – esouwuel fir d'Gemengepolitiker, wéi fir d'Deputéiert. E Statut, dee Pai, Sozialversécherung, Rentenusproch an esou weider festleet, wéi den CSV-Parteipresident Frank Engel erkläert.

An dat muss alles esou organiséiert ginn, dass mer et fäerdeg bréngen, dass fréier oder spéider nach iergend e Mënsch, deen net scho Staatsbeamten ass, wëllt Politik maachen. Well wann ech dat kucken, wat mir de Moment erliewen an der Chamber an och soss, da stellen ech aus genau där Absence vum Statut eraus fest, dass kaum nach e Mënsch, deen net Beamten ass, sech traut fir e politescht Engagement anzegoen, well en duerno souwisou gegebenenfalls ouni Netz an duebele Buedem géif falen a well e wärenddeem deelweis an enger Situatioun ass, wou e keen anstännege Revenu huet. Ech kann net zu engem Buergermeeschter soen, du bass elo just nach Buergermeeschter, wann deem seng eenzeg Entlounung 13 Stonne Congé politique sinn."

Deemno si sech d'Parteie grondsätzlech eens. Just beim Timing, schéngt et ënnerschiddlech Virstellungen ze ginn.

Duebelmandater: Jo oder Nee? (2) / Rep. Maxime Gillen

Geet et der DP no, waart een elo mol of, dass d'Verfassungsreform ofgeschloss gëtt, wéi d'Presidentin vun deene Bloen, Corinne Cahen erkläert: „Mir haten am Fong de Premier gefrot, fir no der Verfassungsreform, eis eng Kéier dohin ze setzen an iwwerhaapt dee ganze Walsystem eng Kéier z'iwwerkucken an dann eng Gesamtreform ze maachen an net elo e bësse flécken ze goe riets oder lénks. Mir sinn der Meenung, dass dat näischt bréngt, einfach e bësse flécken ze goen, mä dass een dat dann am Globale muss gesinn."

Den LSAP-President Yves Cruchten gesäit dobäi awer kee Problem: „Ech gesinn et awer elo net onbedéngt, dass een elo muss d'Verfassungsreform ofwaarden an nach Saachen drunhänken. Dat kann ee sécherlech spéiderhin nach ëmmer maachen, mä bei der Fro vun der Trennung vun de Mandater ginn et zwou Saachen. Dat eent ass d'Mandater kloer trennen an eng Opwäertung vun de Buergermeeschteren a Schäffen an de Gemengen."

Den Yves Cruchten ass iwwerdeems och iwwerzeegt, dass dës Reform nach an dëser Legislatur misst duerchgesat ginn.

Ech sinn och der fester Iwwerzeegung, dass nëmmen dës Koalitioun dat fäerdegbréngt. Wann ech héiere, wat déi aner Parteien dozou soen, wann ech d'CSV héieren, déi erëm op Zäit spillt a seet, mir sollen da mol no de Wale kucken. An no den nächste Wale kommen erëm eng Kéier Walen an da maache mir et ni."

Esou retizent, huet de President vun der CSV an eisem Interview allerdéngs net geklongen: „Ech géif mir wënschen, dass ee sech ënner Parteien eng Kéier kéint zesummesetzen a soe: Mir maachen dat elo! Well am anere Fall maache mir et jo net. An dat ass dat, wat mir elo scho joerzéngtelaang maachen, nämlech dass mer näischt maachen."

Egal wéi, schéngt et en Uleies fir eng Majoritéit an der Chamber ze sinn. D'Jugendparteie vun alle Faarwen haten och schonn eng Petitioun an deem Sënn lancéiert. Interessant deemno, dass et bei esou vill Konsens awer bis ewell nach kee Reformprojet um Dësch läit.

Back to Top
CIM LOGO