Extrem geféierlechCyclist huet sech via d'Autobunn vu Stengefort Richtung Metz gemaach

RTL Lëtzebuerg
Net schlecht gestaunt hunn Automobilisten a Camionschaufferen, wéi se e Méindeg de Mëtteg op der A6 ënnerwee waren.
De Cyclist op der Héicht vun der Sortie Aire de Capellen
Hei huet e Camionschauffer nawell mussen oppassen, fir en net mat ewech ze huelen.

Wéi et schéint huet sech e Cyclist op der Héicht vu Stengefort mat sengem Vëlo Richtung Autobunn gemaach.

© RTL Mobile Reporter

Am Trafic-Info war fir d’éischt ze liesen, dass en tëscht der Aire de Capellen a Mamer ënnerwee wier.

Spéider war et den Update, e wier tëscht Briddel a Stroossen gesi ginn.

Engem Automobilist, deen en opgefuerdert hat stoen ze bleiwen, well et immens geféierlech wier, huet de Cyclist gesot, e wier ënnerwee op Metz.

Um 15.40 Auer war et d’Meldung vum CITA, dass de Vëlosfuerer elo fort wier.

Back to Top
CIM LOGO