
En Automobilist war op der Diddenuewenerstrooss zu Bouneweg ënnerwee an ass op der Kräizung Richtung rue de Hesperange ofgebéit. Déi Kräizung gëtt mat Luuchte gereegelt. Do krut den Automobilist e Cyclist ze paken, deen eegenen Aussoen no bei Gréng iwwert den Zebrasträife gefuer ass. De Cyclist gouf an d'Spidol bruecht.
Um 10.55 Auer gouf et an der Mierscher Strooss zu Biissen eng Kollisioun tëscht 2 Autoen. Dobäi goufen 2 Persoune liicht verwonnt.
Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vun Ettelbréck a Biissen.