
Op der Kräizung vun der Rue Randlingen, Rue de Luxembourg an der Rue Wëtzkëllchen koum et zum Accident. Den Cyclist wollt vun der Rue Randlingen riicht weider an d'Lëtzebuergerstrooss fueren, zum selwechten Ament koum en Auto aus der Rue Wëtzkëllchen, deen no Lénks a Richtung Wandhaff wollt fueren. Dobäi krute sech béid Gefierer ze packen an de Vëlosfuerer ass iwwert de Capot vum Auto katapultéiert ginn.
De Samusdokter huet de Cyclist misste behandelen, deen dono mam Helikopter an d'Spidol bruecht gouf. D'Police geet net drop an, wéi uerg de Mann blesséiert gouf, et ass just präziséiert, datt keng Liewensgefor bestanen huet.
D'N6 war duerch den Accident blockéiert, wat fir Problemer am Trafic gesuergt huet. Géint 15 Auer war d'Plaz geraumt.