Um Belval ginn d'Aarbechte virun, sou d'Entwécklungsgesellschaft Agora. Ee Grousse Chantier gëtt den Amenagement vun de fréiere Basengen um sougenannte Square Mile. Duer kommen Héichhaiser mat Büroen, Commercen a Logementer. De grousse Parking op där Plaz kënnt Ufank nächst Joer no an no fort, erkläert de President vun Agora Frank Vansteenkiste.
Agora hätt scho vill Gebaier um Belval verkaaft, zejoert schwätzen si souguer vun engem Rekordjoer. Elo sinn nach Appartementshaiser, Büroen, Laboen an Eefamilljenhaiser geplangt, fir datt de Belval méi lieweg gëtt. An 3 Joer ass dann och d'Liaison Micheville fäerdeg. Da mussen d'Autoen net méi vun der Escher Autobunn duerch de Rondpoint Raemerech fueren.
De Belval méi lieweg maachen, mat engem gudden Equiliber tëscht Büroen, Wunnengen a Commercen. Dëst ass d'Zil vun der Entwécklungsgesellschaft Agora, fir déi nächst Joer vum Amenagement ronderëm déi al Héichiewen. Bis ewell goufen 78% vum ganze Site verkaf, iwwer eng Millioun Meter Carré, dorënner eng Rei Logementer a Büroen. Fir d'Zukunft sinn nach genuch Chantiere geplangt.
Ee vun deene Chantiere kënnt op de sougenannte Square Mile, bei déi fréier Basengen. D'Plaz gëtt de Kär vum Belval, elo ass hei nach ee Parking, dat bis Ufank nächst Joer. Da kënnt de Parking lues a lues fort, bis een neien ënnerierdesche Parking opgeet. A Punkto Trafic a Verkéier huet Agora och genee Previsiounen.
All Dag ronn 17.000 Persounen um Belval, dovunner 3.000 Residenten. Et soll méi lieweg ginn, dobäi solle kleng Commercen an nei Logementer hëllefen. Op de bezuelbare Wunnraum gouf och opgepasst, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der SNHBM.
Och d'Diskussiounen iwwer d'Rekonversioun vun de Frichen Esch-Schëffleng gi virun. En Equipe ronderëm den däneschen Architektebüro COBE mat Urban Agency, Urban Creators a Luxplan gouf zréckbehalen, fir d'Frichen z'amenagéieren. Agora hofft, datt de Projet definitiv Ufank nächst Joer ka lancéiert ginn.