
D’Offer huet sech ënner anerem u 50 fréier Salariéë vun der Entreprise Cardoso, déi rezent Faillite gemaach huet, geriicht. Wéi et weider vun der Adem heescht, hätten nach 150 aner Persounen, déi op d’Profiller gepasst hunn, déi vun den Entreprisë gesicht goufen, um Jobdag participéiert.
Wéi vill Persounen eng Aarbechtsplaz fonnt hunn, gëtt net präziséiert.