Invité vun der Redaktioun (5. November) - Gast GibéryenD'ADR ass zefridde mam Wal-Resultat

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg war den déngschteelsten Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Gast Gibéryen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Invité vun der Redaktioun Gast Gibéryen / Resumé N. Gautier

Mir sinn zefridden mam Wal-Resultat, och wa mer et net fäerdeg bruecht hunn nees Fraktiounsstäerkt ze kréien, wat awer dem schlechte Walsystem verschëlt ass.

Dat sot de Gast Gibéryen e Méindeg de Moien. Hien war eisen Invité vun der Redaktioun.

Als déngschteelsten Deputéierten ass hie momentan jo Interim-Chamberpresident, wou et awer haaptsächlech ëm Representatiouns- a Verwaltungsaarbecht géif goen. Hie géif sech erhoffen, dass sech d’Parteien emol ronderëm en Dësch géife sëtzen, fir ze kucke wéi een de Walsystem am Land méi gerecht kéint opstellen.

Et waren déi 7. Chamberwalen, wou de Gast Gibéryen mat war. Dëst Kéier konnt hie säi perséinlech beschte Resultat verbuchen.

Mam Gruppement vum Wee 2050 hätt een als ADR eng gutt a professionell Walcamapgne gefouert, wou een och verschidden Theme konnt setzen, wéi d’Wuesstemsdebatt, wou hien hofft, dass dës Regierung erkennt, dass ee sech eeschthaft domadder misst auserneesetzen.

Allgemeng geet den ADR-Politiker awer dervun aus, dass et beim Koalitiounsaccord, deen dem Ament jo ausgeschafft gëtt, ee vun der Kontinuitéit aus de leschte 5 Joer wäert ginn. En Ëmdenke bei der Familljepolitik géif hie sech awer wënschen.

De Gast Gibéryen

Dass d’CSV als stäerkste Partei op en Neist ignoréiert gouf, fir Regierungsverhandlungen, fënnt de Gast Gibéryen op eng gewësse Manéier normal. Blo-Rout-Gréng hätt weiderhin eng Majoritéit an dat misst een dann och esou acceptéieren. Et géif néirens stoen, dass déi stäerkste Partei automatesch an eng Regierung misst kommen, an dat wier och gutt esou.

De Gast Gibéryen huet iwwerdeems och gemengt, dass ee sech och bei der ADR géif Gedanken iwwert eng Erneierung an der Partei maachen. Et war och d’Confirmatioun, dass hie dës Legislaturperiod als Deputéierte wëll fäerdeg maachen, ma dann awer net méi mat an d'nächst Chamberwalen geet.

E Méindeg war den déngschteelsten Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO