
“Et wier näischt anescht wéi en zivilisatoresche Réckschrëtt...”, sou bezeechnen d’ADR-Fraen an engem Schreiwes d’Fuerderung vu verschiddenen Associatiounen, dass d’Recht op eng Ofdreiwung an der Verfassung soll verankert ginn. De Planning familial beispillsweis hat dat gefrot.
D’Frae-Sektioun vun der Oppositiounspartei deelt déi Positioun deemno net. Et géif ee sech kloer zum Schutz vum Liewe bekennen. Fraen, déi schwanger sinn an net wëssen, ob se hiert Kand wëlle behalen, besonnesch Mannerjäreger oder Fraen a psychescher oder materieller Nout, sollen dogéint besser ënnerstëtzt an hinnen Hoffnung gemaach ginn.
D’ADR-Frae bedaueren, dass et eng “Tendenz zu der Radikaliséierung an der Gesellschaft” géif ginn, déi och dora bestéing, de Wäert vum Liewen ëmmer méi ze relativiséieren an ze banaliséieren.