
Déi staatlech Ënnerstëtzung soll vun 3,75 op 5,4 Euro d’Stonn pro Kand eropgoen. D’Dageseltere kënnen natierlech méi froen, d’Eltere mussen dat dann iwwerhuelen. D’Dageseltere sollen och eng eemoleg Subventioun kréien, fir zum Beispill Miwwel oder Material ze kafe vu maximal 3.000 Euro.
Iwwer 400 agreéiert Dageseltere gëtt et hei am Land. Hir Zuel war déi lescht Jore réckleefeg.
D’Schreiwes vum Educatiounsministère iwwert déi geplangt Reform fir Dageselteren.