Den Inneminister Dan Kersch huet e Mëttwoch de Moien däitlech Wieder fonnt, fir op den Ausgang vun der Generalversammlung vum Syfel vun en Dënschden ze reagéieren. Et hätt hien net gewonnert, dass den Daachverband vun de Kierchefabricke seng lescht Proposen net ugeholl huet, sot hien am RTL Interview.
Bistum a Regierung hätte sech wäit beweegt, fir dem Syfel entgéint ze kommen. Dass si dës d'Propos net guttgeheescht hunn, wier elo dem Syfel seng Verantwortung, sou den Dan Kersch. Elo wier et um Regierungsrot déi néideg Decisiounen ze huelen, fir weider ze kommen. Et géif jiddwerfalls dobäi bleiwen, wat mam Bistum ofgemaach gouf. Et wier villes ënnerholl ginn, fir dem lokale Wëllen entgéint ze kommen.
Et war och d'Informatioun, dass bis haut tëscht 50 a 60 Gemengen en Accord fonnt hunn, wat d'Propriétéitsverhältnisser vun de Kierchen op hirem Territoire betreffen. All déi aner net. Den Dan Kersch huet och nach emol däitlech gemaach, dass d'Konventioun net ka gekënnegt ginn, dat wier kloer, dofir hätt hien eng Géigepropositioun gemaach an där d'Fuerderunge vum Bistum respektéiert goufen.
Hie géif Decisioun vum Syfel zur Kenntnis huelen, sou nach de Minister, deen nach eemol präziséiert huet, dass hie sech ni engem Accord wollt verschléissen. Et sollt een awer net eppes a Fro stellen, wat zanter 2 Joer kloer ass.
E Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war den Inneminister Dan Kersch den Invité vun der Redaktioun.