Stater TouristebüroD'Antje Voss ersetzt den Tom Bellion un der Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
Den Tom Bellion geet no 10 Joer als Chef vum "Luxembourg City Tourist Office" an d'Pensioun.
© Photography Raoul Somers / LCTO

Un der Spëtzt vum Stater Touristebüro kënnt et zu engem Wiessel. D’Antje Voss ersetzt vum éischte Juli un den Tom Bellion. Dat huet de Verwaltungsrot festgehalen.

D’Antje Voss kënnt aus den eegene Reien a war elo zoustänneg fir de Beräich Entwécklung an Netzwierker. Den Tom Bellion war elo 10 Joer laang de Chef vum “Luxembourg City Tourist Office”. Hie geet an d’Pensioun.

Den Tom Bellion gouf e Sonndeg an de Schengener Gemengerot eragewielt.

Back to Top
CIM LOGO