SantéskommissiounDat neit Covidgesetz gouf schonn iwwerschafft

RTL Lëtzebuerg
Den neien Text muss e Freideg 8 Deeg a Kraaft trieden, da leeft dat aalt Covidgesetz nämlech aus.

E Freideg hu sech d’Deputéiert vun der zoustänneger Santéskommissioun an der Chamber mam éischten Avis vum Staatsrot an enger iwwerschaffter Versioun vum Gesetzprojet befaasst. D’Haaptelementer vum Text si jo den 2G-Regime fir Fräizäitaktivitéiten an am Horeca; an den obligatoresche Covidcheck fir jiddereen op der Schaff vum 15. Januar un. Heizou huet sech de Conseil d’Etat bis elo nach net geäussert.

Nieft dem CovidCheck-Zertifikat gëtt och d’Méiglechkeet agefouert, fir een Zertifikat virzeweisen, wann een eng Konterindikatioun huet, fir géint de Coronavirus geimpft ze ginn. Dës Persoune sollen och kënnen op der Plaz e Schnelltest maachen. Déi Méiglechkeet soll och d’Personal am Horeca kréien.

Nom Avis vun der nationaler Dateschutzkommissioun, déi eng Rei Bemierkunge formuléiert hat zu der Méiglechkeet, fir am Kader vum CovidCheck, eng Lëscht opzestelle vun de Leit, déi geimpft sinn, gouf den Text och op deem Punkt iwwerschafft. Et gëtt elo proposéiert, datt net nëmme geimpften, mä och geheelte Leit fräiwëlleg op dës Lëscht kënnen agedroe ginn.

D’Lëscht wier geduecht, fir d’Kontroll vum CovidCheck ze vereinfachen. Am Gesetz ass och präziséiert, datt sou eng Aschreiwung nëmme fräiwëlleg ka sinn an datt een zu all Ament ouni Begrënnung froe kann, datt engem säin Numm gestrach gëtt. Och misst déi Lëscht spéitstens dann zerstéiert ginn, wann d’Gesetz ausleeft.

Donieft steet am Text, datt de Refus fir sech anzeschreiwen, keen Impakt op d’Aarbecht dierft hunn. Déi national Dateschutzkommissioun hat an hirem Avis betount, datt de Patron senge Mataarbechter, déi dat wëllen, ëmmer misst d’Méiglechkeet ginn, hire CovidCheck all kéiers ze weisen. Hire Choix dierft op kee Fall negativ Konsequenze fir si hunn.

Fir de Rescht huet d’CNPD allgemeng Bedenken, wat sou e Fichier, sou eng Lëscht, iwwerhaapt brénge soll. D’Dateschützer kënne sech nëmme schwéier virstellen, datt et fir e Restaurant oder an engem grousse Betrib zum Beispill méi einfach wier, en Numm an enger Lëscht nozesichen an d’Identitéit vun der Persoun ze kontrolléieren, amplaz de QR-Code ze scannen.

Donieft huet d’Regierung och de Paragraph iwwerschafft, an deem et ëm d’Impfen an den Apdikte geet. Hei hat de Staatsrot jo eng ganz Rei juristesch Onkloerheete gesinn. Am neien Text gëtt ënnert anerem präziséiert, datt den Apdikter ouni Ordonnance vum Dokter Persounen iwwer 16 Joer an ouni medezinesch Virgeschicht kann impfen, ënnert der Konditioun, eng spezifesch Formatioun ze maachen.

Dem Rapporter vum Covidgesetz Mars di Bartolomeo no gëtt dat nächst Covidgesetz en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt.

Méiglech bleift och nach e Vott e Freideg.

Back to Top
CIM LOGO