Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren"Dat, wat d’Agence eSanté mécht, ass keng Digitaliséierung am Sënn vum Bierger"

Monica Camposeo
Dat wat d’Agence eSanté mécht, wier keng Digitaliséierung am Sënn vum Bierger, esou d’AMMD e Méindeg géintiwwer der Press.
AMMD kritiséiert d'Agence eSanté
Dat wat d’Agence eSanté mécht, wier keng Digitaliséierung am Sënn vum Bierger, esou d’AMMD e Méindeg géintiwwer der Press.

Et wier sech ze vill op de Payement immédiat direct fokusséiert ginn, dee wuel fir d’CNS eng Vereinfachung bedeit, mee net de Patient an de Mëttelpunkt stellt. D’Visioun vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren ass eng Applikatioun, déi vum Rendez-vous bis d’Ënnerschreiwe vun enger Rechnung alles erméiglecht.

AMMD: Digitaliséierung nach net optimal / Monica Camposeo

Doriwwer eraus kritiséiert d’AMMD, dass eng elektronesch Ënnerschrëft op den Dokumenter am Dossier de soins partagé net ëmmer gefuerdert gëtt. Dat géing mat sech bréngen, dass Dokumenter, déi net elektronesch ënnerschriwwe sinn, baussent der App keng Gültegkeet méi hunn.

Dobäi kënnt, dass et dem Patient soll méiglech sinn, sech am Ausland behandelen ze loossen an déi Donnéeën och mat den Dokteren hei am Land ze deelen. Dat wier den Ament och net méiglech, kritiséiert d’AMMD. Et sollt elo méi séier dru geschafft ginn, fir eng global Digitaliséierung virun ze bréngen, an déi d’Patienten och Vertrauen hunn.

PDF: Schreiwes vun der AMMD

Back to Top
CIM LOGO