StatecD'Awunnerzuel zu Lëtzebuerg ass 2021 ëm 10.667 Persounen eropgaangen

RTL Lëtzebuerg
Esou hunn zu Lëtzebuerg op den 1. Januar 2022 645.397 Mënschen am Grand-Duché gelieft. Eng knapp Majoritéit dovunner si Lëtzebuerger (52,9 Prozent).
© Maxime Gonzales

Domadder läit de Populatiounswuesstem tëscht dem 1.1.2021 an dem 1.1.2022 bei 1,7 Prozent an nees um Niveau vu virun der Corona-Pandemie. Dës Zuelen huet de Statec e Méindeg de Moie matgedeelt.

Am Joer 2021 si 25.335 Leit op Lëtzebuerg geplënnert a 15.959 hunn de Grand-Duché verlooss, dorënner 3.063 Lëtzebuerger, 3.055 Portugisen an 2.394 Fransousen. Bei den Awanderer maachen dann och d’Fransousen (12,8%) d’Majoritéit aus, dat virun den Italiener (9,6%) a Portugisen (8,9%).

© Statec

Kuckt ee sech dann den Total vun den Awunner un, esou hunn 52,9 Prozent vun den 645.397 d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Déi gréisst Communautéit vun Auslänner maachen d’Portugisen aus mat ronn 14,5 Prozent. Da kommen d’Fransouse mat 7,6 Prozent an d’Italiener mat 3,7 Prozent.

© Statec

PDF: D'Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO