
Ugangs vum Joer war jo de Roberto Scolati zeréckgetrueden, zanterhier hat d'Aleba kee President, mä et gouf zolidd internt Rumouers.
An der Generalversammlung gouf de Roberto Mendolia - als eenzegen Kandidat - zum neien President gewielt. Den neien Aleba-Chef war 15 Joer laang an der Personaldelegatioun bei Clearstream. Aleba-Generalsekretär bleift iwwerdeem de Laurent Mertz.
D'Gewerkschaft ass an der Chambre des Salariés mat 4 Delegéierte vertrueden an huet d'gewerkschaftlech Representativitéit behalen.