
Politico, duerno the Guardian, Euronews, den de Nouvel Obs, wéi och nach manner grouss Medien, hunn déi lescht zwee Deeg iwwert d’Annonce, dat Enn vum Joer e Konzept soll op den Dësch kommen, vill geschriwwen a geschwat..
Déi Blo-Rout-Gréng Regierung huet Wëlles, d’Produktioun, de Kaf, de Besëtz an de Verbrauch vu Cannabis ënner verschidde Konditiounen ze legaliséieren an d’Vente dovunner besteieren. D’Vente un Net-Residente soll verbuede sinn.
A klenge Quantitéiten ass Cannabis, fir de medezineschen Zweck, zu Lëtzebuerg och schonn depenaliséiert ginn. Legal ass Cannabis schonn a Kanada, Uruguay an an 11 US-Bundesstaaten.