D'Arméi brauch nei jonk Leit an d'Kasäre mussen dréngend renovéiert ginn, déi Problemer si jo net nei. En Donneschdeg waren d'Vertrieder vun der Chamber sech ee Bild vun der Situatioun um Dikrecher Härebierg maachen.
Aktuell maachen eng ronn 20 jonk Leit hir Grondausbildung an der Arméi. 4 Méint laang dauert dës Formatioun, an där d'Rekrutten d'Woch iwwer um Härebierg wunnen a liewen.
Eng vun de groussen Erausfuerderunge vun der Lëtzebuerger Arméi ass d'Opstocke vum Personal. Et gi méi Leit zu Dikrech gebraucht. Et soll also méi rekrutéiert ginn.