Et ginn eng Partie IwwerraschungenD'Chamberkommissioune sti fest

Roy Grotz
Nieft dem President an dem Büro vun der Chamber goufen en Dënschdeg och déi 26 Chamberkommissioune konstituéiert.
© Didier Weber / RTL

Do ginn et e puer interessant Constaten, well jo fréier Ministere lo mussen iwwer Gesetzer debattéieren, déi se nach an hirer Funktioun als Regierungsmember mat signéiert hunn.

Sou iwwerhëlt de fréieren LSAP-Minister Franz Fayot d’Presidence vun der wichteger Budgetskontrollkommissioun vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm, déi hirersäits d’eminent wichteg Finanzkommissioun an Zukunft wäert presidéieren. Do gëtt si assistéiert vum André Bauler an der Taina Bofferding, iwwerdeem och d’fréier Ministesche Cahen, Lenert an Tanson an dëser Kommissioun siegéieren.

Den Hesper Député-Maire Marc Lies iwwerhëlt dann net d’Logementskommissioun, déi vum Liberale Gilles Baum geleet gëtt. Dat well d’DP mam Claude Meisch jo och deen zoustännege Minister fir deen Domän huet. De Marc Lies presidéiert d’Kommissioun vun den Affaires Intérieures.
Den Dokter Gérard Schockmel, dee jo net als Gesondheetsminister nominéiert gouf, iwwerhëlt dann d’Presidence vun der Kommissioun fir Héichschoul, Recherche an Digitaliséierung, dem Ministère vun der Doktesch Stéphanie Obertin.

D’Santéskommissioun, wou fir d’LSAP NET d’Paulette Lenert als Member dran ass, gëtt iwwerdeems vum CSV-Ost-Deputéierte Max Hengel geleet.
President vun der Ëmwelt- a Klimakommissioun gëtt de Christophe Hansen, bis hien als EU-Kommissär nominéiert gëtt. Assistéiert gëtt hie vum Franz Fayot a vum Luc Emering, iwwerdeem och d’fréier gréng Ministesch Joëlle Welfring an dëser Kommissioun dran ass.

D’Familljekommissioun gëtt an Zukunft vun der neier DP-Deputéiert Mandy Minella geleet, iwwerdeem mat der Barbara Agostino eng nogeréckelt DP-Deputéiert d’Educatiounskommissioun iwwerhëlt.

Vun de 26 Kommissiounen ginn der 9 vun DP-Politiker geleet an 11 vun CSV-Leit. D’LSAP-Deputéiert Francine Closner presidéiert d’Petitiounskommissioun, iwwerdeem d’fréier Ministesch Taina Bofferding d’SREL-Kontrollkommissioun presidéiert.

Dee längste Numm huet d’Kommissioun fir Famill, Solidaritéiten, de Vivre-Ensemble, d’Geschlechter-Egalitéit, d’Diversitéit, d’Integratioun an den Accueil. Dëse soll allerdéngs nach gekiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO