IndexD'Chambre de Commerce ruddert zeréck

RTL Lëtzebuerg
D'Chambre de Commerce revidéiert hir Fuerderungen no enger Reform vum Index en Vue vun de Walen.
© RTL

Chambre de Commerce ruddert zeréck / Rep. Michèle Sinner

An enger Foussnott rektifizéiert si hier 30 “Mesures phares”, déi se Ufank des Mounts virgestallt hat.

Ufanks Februar hat d’Chambre de Commerce an der 21. vun hiren 30 Mesures phares en Vue vun de Wale gefuerdert, datt den Index-System no 3 Piliere soll moduléiert ginn. Éischtens sollt et just nach eng Indextranche d’Joer ginn. D’Indexéierung sollt vu véiermol dem Salaire médian un degressiv sinn a se sollt op engem “durabele” Wuerekuerf baséieren, sot de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce no der Presentatioun am RTL-Interview.

Et soll just nach eng Tranche pro Joer erfalen. Mir mengen och, datt een den Index soll deckelen op véiermol de Salaire médian. Wat awer am Wichtegsten ass, ass, datt een en durabelen Index-System aféiert.

Am Dokument, dat d’Chambre de Commerce ausgedeelt hat, stoung textuell : “Moduler le système d’indexation selon 3 pilliers : une seule indexation maximum par an, une indexation dégressive à partir de 4 fois le salaire médian, une indexation basée sur un panier durable”.

Véiermol de Revenu médian, dat entsprécht engem Salaire vun ongeféier 14.600 Euro de Mount. Dat hat säi fuschneie President, de Fernand Ernster, um 100,7 nawell e wéineg vill fonnt als Plaffong. Net méi spéit ewéi Méindeg huet de Carlo Thelen en neie Blog publizéiert, an deem hien déi dräi Pilieren ausféiert.

Do dra proposéiert hien, datt d’Indexéierung ganz soll spille bis 1,5 Mol de Revenu médian, dono eng plafonéiert Indexéierung bis op 4 mol de Revenu médian a vun do un eng degressiv Indexéierung. Am Kloertext heescht dat : amplaz eng voll Indextranche bis op e Salaire vun 14.600 Euro de Mount, fuerderen d’Patronen also just nach eng op e Salaire vu ronn 5.440 Euro de Mount (op Basis vun de Previsioune vum Statec fir 2021). An de Mesure phares vun der Chambre de Commerce ass d’Mesure Nummer 21 entspriechend aktualiséiert ginn. An enger Foussnott heescht et, d’Mesure wier preziséiert ginn, par rapport zur initialer Versioun, fir déi historesch Positioun vun der Chambre de Commerce par rapport zum Index-System ze refletéieren.

A sengem Blog, deen d’Chambre de Commerce iwwert hir Newsletter verschéckt, schreift de Carlo Thelen elo, wéi hie sech dat virstellt, obwuel des Fuerderungen esou net an de “Mesures phares” vun der Chambre de Commerce virkommen. Deemno sollten d’Beschäftegt, déi bis zu 1,5 Mol de Revenu median kréien, also eng voll Indextranche op hirem ganzen Akommes kréien.

Leit, déi tëscht 1,5 a 4 Mol de Revenu médian - aktuell entsprécht dat tëscht 5.440 Euro an 14.512 Euro de Mount - kréien, sollen eng pauschal Augmentatioun vun hire Salairë vun 133 Euro de Mount kréien. Dat entsprécht dem Montant, wéi wann eng éischt Tranche vun 1,5 Mol vum Revenu indexéiert wier.

Wien tëscht véier- a fënnefmol de Revenu médian verdéngt, soll eng degressiv Augmentatioun kréien, déi vun 133 Euro op 0 fält. Domat géif den Ecart vun de Salairë reduzéiert ginn. Leit, déi méi ewéi fënnefmol de Revenu médian verdéngen – dat wieren dem Statec senge Previsioune fir 2021 18.140 Euro de Mount - géife guer keen Index kréien.

Op Nofro hin, erkläert de Carlo Thelen, datt een op der Presentatioun effektiv den “soziale Pilier” vun den Index-Fuerderungen net ausgefouert hätt, well déi historesch Positioun vun der Chambre de Commerce fir si “evident” wier. Deemno ass do net vun der Fuerderung riets gaangen, datt et eng voll Indextranche just nach bis 1,5 mol de Revenu médian soll ginn. Dat stoung och net an den Ënnerlagen, well een déi aner Fuerderungen am Bezuch op den Index – just eng Tranche d’Joer an en neie Wuerekuerf – méi wichteg fonnt hätt. Et wier “domm gaangen”, datt hien am Interview e “Lapsus” gehat hätt. Hie géif bedaueren, datt hie gesot hätt, et soll een den Index deckelen “op” véier Mol de Revenu médian amplaz “bis”.

30 Propositions phares

Back to Top
CIM LOGO