Frank EngelD’CSV dreet, d’Verfassungsreform net matzestëmmen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de President vun de chrëschtlech sozialen, de Frank Engel den Dënschdeg de Moie virun der Press betount.

Wéinst de rezenten Diskussiounen iwwert eng eventuell Reform vum Walsystem wier fir déi gréissten Oppositiounspartei d’Debatt iwwert d’Verfassung nach net ofgeschloss.

VIDEO: De Frank Engel zu der Verfassungsreform - e liewegen Text
D’CSV dreet, d’Verfassungsreform net matzestëmmen.

Si wëllen d’Bierger mat an d’Diskussiounen abannen a fuerderen, datt dës an engem Referendum präzis Froe gestallt kréien. Wéi eng dat sinn, datt sollen d’Bierger selwer bestëmmen.

VIDEO: De Frank Engel zu der Verfassungsreform - Referendum
D’CSV dreet, d’Verfassungsreform net matzestëmmen.

De Leon Gloden an de Frank Engel hunn den Dënschdeg de Moie kloer gemaach, datt wann d’Regierungsparteien dës Propose net akzeptéiere géingen, si géint de Verfassungsprojet stëmme wäerten, woumat dësen da gestuerwe wier, vue datt d’Majoritéitsparteien op d’CSV ugewise sinn.

VIDEO: De Frank Engel zu der Verfassungsreform - politesch Froen
D’CSV dreet, d’Verfassungsreform net matzestëmmen.

Den offizielle Communiqué vun der CSV - Fir eng nei Verfassung mat de Bierger

Back to Top
CIM LOGO