
Déi zwou Lizenzen ginn un Luxcargo Handling, déi nei Duechterfirma vun der Cargolux an Goldair Handling, eng griichesch Handling-Firma. Dat deelt de Mobilitéitsministere en Dënschdeg den Owend mat.
Enn September haten d’Mataarbechter vu Luxair-Cargo e Protest-Piquet um Findel organiséiert, well d’Luxair ugekënnegt hat, si wéilt d’Cargo-Aktivitéiten net weider féieren. Déi ronn 1.200 Mataarbechter hunn Angscht ëm hir Plazen.
Déi nei Cargolux-Duechter Luxcargo huet sech awer géintiwwer Luxair-Cargo verflicht, d‘Kontrakter vun de Mataarbechter z’iwwerhuelen. Am Kontrakt steet, datt Luxcargo ënnert anerem vun der Luxair-Cargo iwwerhëlt: “les obligations et les dettes relatives aux employés dont les contrats de travail sont transférés”.