
Den Ament sinn d’Diere vun der Pater-Kierch an der Uewerstad nieft der Theaterplaz zou. Dës Kierch gëtt den Ament vun der englesch-sproocheger Communautéit genotzt.
D’Kierch ass an den 1860er Jore gebaut ginn an anengems eng beléifte Plaz fir Concerten. Bis op Weideres sinn awer souwuel d’Massen wéi och aner kulturell Evenementer gestrach an dat well de Buedem vun der Kierch vum Hellegen Alphonse sech ëm 20 Zentimeter gehuewen huet. D’Hëtzt, déi 40 Grad vu leschter Woch an d’Fiichtegkeet ënnert de Plättercher wäre responsabel fir dës Mutatioun, déi net just hannert de Klouschter-Maueren fir Opreegung suergt.
Weider Informatioune ginn et um Internetsite catholic.lu.