"Fair'n'Green"D'Domaines Vinsmoselle kréien en neien Nohaltegkeetslabel

Pierre Jans
D'Domaines Vinsmoselle stelle gär weider op gréng an nohalteg ëm. Eng Decisioun, déi d'Kooperativ vun 170 Wënzer sech och zertifiéiere gelooss huet.
© RTL Archiv

Domaines Vinsmoselle / Reportage Pierre Jans

De Label “Fair’n’Green”, deen an Däitschland gegrënnt gouf an deen et entretemps an 10 europäesche Länner gëtt, wäert d’nächst Joer eng éischte Kéier um Réck vun de Fläsche mam Cru 2023 ze gesi sinn.

Obwuel een net bei Null ufänke misst, war et keng einfach Ëmstellung, soen déi Responsabel vun den Domaines Vinsmoselle. Mä eng noutwenneg.

170 Memberen, Wënzer, déi responsabel fir hir Drauwe sinn, mat an d’Boot ze kréien, war net einfach, erënnert sech den Direkter vun den Domaines Vinsmoselle André Mehlen: “Si ware sech bewosst, dass et ee Wee ass, deen ee misst goen. Natierlech ass deen och fir si net einfach. Dat weist schonn eleng, dass mir viru véier, fënnef Joer eng Kéier probéiert haten an déi Richtung ze goen. Ech si mir net sécher, mä deemools war den Drock eventuell nach net esou grouss ewéi elo. Sécher ass: mëttlerweil huet déi Erkenntnis geräift. Mir hunn elo zesumme beschloss, dee Wee anzeschloen.”

De Label Fair’n’Green soll ee sech als Reseau virstellen, erkläert de President Dr. Keith Ulrich. Fir do opgeholl ze ginn, an de Certificat ze kréien, muss ee Betrib nieft enger finanzieller Contributioun och schonn iwwer d’Hallschent vun de Krittäre garantéieren: dobäi geet et ëm wirtschaftlech, ëmweltfrëndlech, sozial a wäibautechnesch Nohaltegkeet. Dat wichtegst wär d’Motivatioun, de Wëllen, sech nach weider ze verbesseren. An dat alles hätt d’Lëtzebuerger Kooperativ, esou déi Responsabel vum Label. Zum Beispill ass een Drëttel vun der Produktioun elo schonn herbizid-fräi. Mä den Harry Beck, dee bei der Vinsmoselle fir de Beräich Wéngerte responsabel ass, gëtt zou: do ass nach Loft no uewen.

“D’Mëschunge fir d’Begréngung, déi mir an Zukunft nach vläicht upassen. Fir och am Summer de verschiddene Phasen a Periode vun Dréchent Stand ze halen.” Fair’n’Green – net ze verwiessele mat Bio.

“Vill Grondlagen, déi bei Bio wichteg sinn, déi si jo bei eis och dran. Keng Herbiziden, keng Insektiziden, organeschen Dünger. Den Ënnerscheed besteet effektiv an der Bewäertung vun de verschiddene Planzeschutzmëttelen. Ass et eppes Organesches oder e syntheetesche Produit? Eis ass dat net wichteg, mä wéi et op d’Ëmwelt wierkt”, sou den Dr. Keith Ulrich weider.

Nohaltegkeet awer och beim Energieverbrauch oder och dem CO2-Ausstouss vum Betrib. Anescht wéi ee kéint mengen, wären d’Kartongskëschte mat de Wäintuten dran, de besseren Emballage fir dräi Liter Wäin. Dozou den techneschen Direkter vun der Vinsmoselle Bernd Karl: “Am Verglach mam Glas hu mir bei der Verpackung méi ewéi 70 Prozent manner Energie- a Waasserverbrauch. Dat ass wéinst der Produktioun an dem Transport.”

Natierlech wéilten d’Wënzer d’Ëmwelt respektéieren a responsabel produzéieren, mä et geet bei dësem Effort och ëm de Business. D’Domaines Vinsmoselle sinn ugewisen op de Verkaf am Ausland. Den Direkter vun der Kooperativ André Mehlen gëtt ze bedenken, dass a Skandinavien beispillsweis d’Clientèle scho ganz exigent wär, wat zertifiéiert Nohaltegkeet ugeet. An dëse Label wär net nëmmen do eng Referenz.

Communiqué vun Domaines Vinsmoselle

Back to Top
CIM LOGO