3 Méint virun de WalenD'DP versprécht vill um Partei-Kongress

Tim Morizet
D’Gemengewale sinn ofgeschloss. D’Nationalwalen sinn an 3 Méint. Réckbléckend weist ee sech zefridden um DP Kongress e Samschdeg zu Rued-Sir.
3 Méint virun de Walen
D’DP versprécht vill um Partei-Kongress

De Kongress vun der DP - Reportage Tim Morizet

D’DP huet queesch duerch d’Land bäigeluecht a 26 Mandater bäikritt. “A mir wëllen déi nächst 5 Joer an der Verantwortung bleiwen”, esou d’Generalsekretärin Carole Hartmann e Samschdeg. Et misst een de Réckewand elo mat an d’Chamberwalen den 8. Oktober huelen.

Eng Politik no bei der Leit. De Slogan vun de Gemengewale soll d’Bierger vu September u weider begleeden. D’Bezierkslëschte vun der DP sollen de 15 Juli publizéiert ginn. E klengen Abléck an de Walprogramm gouf awer schonn e Samschdeg.

De Logement huet déi nächst Jore Prioritéit

Ganz uewen op der Prioritéitelëscht dierft wuel de Logement stoen. D’Zukunftsfäegkeet vum Grand-Duché géif dovun ofhänken, ob genuch Wunnengen déi nächste Jore gebaut ginn, esou de Parteipresident Lex Delles ënner Applaus vu senge Partei-Kolleegen.

Lëtzebuerg bréicht eng Wunnengsbauoffensiv – kuerzfristeg ma och strukturéiert fir d’Zukunft.

Eng blo Offensiv; Méi bezuelbar Locatiounswunnengen, cibléiert Hëllefe fir en eegent Doheem, an d’Konzept vum “Mietkaf”, wou de Loyer dono beim Kaf ugerechent gëtt, solle méi gefërdert ginn. Privat Projete fir déi kee Keefer fonnt gëtt, solle kuerzfristeg vun ëffentlecher Hand opkaaft ginn, erkläert de Lex Delles: “D’DP wäert och Terrainen, déi am ëffentleche Besëtz sinn, direkt bebaue loossen. Mir kënnen eis net méi leeschten, Bauterrain braach léien ze loossen. D’Baubranch sicht am Ament Beschäftegungen an de Staat sicht Wunnengen.”

Fir de Finanzement soll en nationale Biergerfong fir de Wunnengsbau kreéiert ginn. No de Wale sollen ënnert der DP d’Wunnengsbäihëllefen no uewen ugepasst ginn. Jonk Leit sollen och keng Droit d’enregistrement op hirer éischter Wunneng méi musse bezuelen. D’Gemengeprodzedure solle vereinfacht ginn, fir Zäit beim ëmsetze vu Bauprojeten ze spueren. Da soll de Prinzip vum “Silence vaut accord” fir staatlech Administratiounen agefouert ginn. Prozeduren, déi zäitlech Delaien net anhalen an e Bau bremsen, sollen iwwerspronge ginn. Ëmweltpréiwungen a Kompensatiounsmesure missten dréngend méi effizient gestallt ginn, esou de Parteipresident.

D’Populatioun steierlech entlaaschten - mëttelfristeg

An der nächster Legislaturperiod soll ënnert der DP d’Steiertabell erëm reegelméisseg un d’Inflatioun ugepasst ginn. Och d’Aféiere vun enger eenzeger Steierklass wier net vum Dësch, mä mëttelfristeg geplangt.

D’Versprieche vun der gréisster Oppositiounspartei, fir direkt Steierentlaaschtungen no der Wal wier net realistesch esou den DP Spëtzekandidat a Premier Xavier Bettel bei senger Ried: “Jidderee bezilt manner Steieren an dat gëtt mam Wuesstem opgefaangen. Gläichzäitege solle mer bei der Staatsschold ënnert der 30-Prozent-Limitt bleiwen. Dat ass net realistesch. Keng Steierreduktiounen op Kredit. Do si mer dogéint.”

Eng qualitativ Kannerbetreiung an Institutiounen, mä och Doheem

E grousst Versprieche gouf et och an der Kannerbetreiung. An der nächster Legislatur soll all Kand eng eege Betreiungsplaz garantéiert kréien. Aktuell sinn a ville Gemengen d’Maisons-relais voll. D’Waardelëschte si laang.
Och wann d’Strukture ronderëm d’Kannerbetreiung weider ausgebaut solle ginn, wéilt ee probéieren, der Famille méi Zäit zesummen ze ginn, preziséiert de Lex Delles: “Mir wäerten och e Recht op Deelzäit-Aarbecht fir Eltere vu Kanner ënner 13 Joer aféieren, ouni datt et do awer zu Abousse bei der Pensioun soll kommen. Mir striewe mat de Sozialpartner en Dialog un, fir de Congé parental ëm bis zu 3 Méint ze erweideren.”

Och de Pappecongé soll vun 10 op 15 Deeg eropgesat ginn. Och d’Gesondheet gouf um Kongress zu Rued-Sir ugeschwat. Hei well d’DP medezinesch Strukturen iwwert déi nächst Jore weider dezentraliséieren an och méi isoléiert Regioune stäerken. Beim Thema Klima setzt ee virun allem op den Ausbau vu Photovoltaik-Installatiounen op den Diecher vu grousse Surfacen.

D'offiziellt Schreiwes vun der DP.

Back to Top
CIM LOGO