
Eng Fusioun tëscht Bauschelt an der Stauséigemeng réckelt ëmmer méi no. De 26. November, also an zimmlech genee zwee Méint, stëmmen déi béid Conseilen iwwert de Fusiounsprojet an d'Organisatioun vun engem Referendum of. Sollt de Vott an deenen zwou Gemenge positiv ausfalen, wäerten d'Bierger nach virun der Summervakanz dat nächst Joer no hirer Meenung gefrot ginn. Déi zwee Schäfferéit hunn hire jeeweilege Gemengerot iwwert déi Pläng an d'Bild gesat.
Wa bei engem Referendum a béide Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler fir eng Fusioun stëmmt, da wäert bei de Gemengewalen am Joer 2029 schonn zesummen ofgestëmmt ginn, wa warscheinlech nach an zwou Sektiounen. Am Fall vun engem Zesummeschloss hätt déi nei Gemeng knapp 4.000 Awunner a wier mat déck 80 Quadratkilometer déi flächeméisseg drëttgréisste vum Land. Aktuell ginn et am Grand-Duché genee 100 Gemengen. Konkret Fusiounsgespréicher lafen de Moment och nach tëscht deene 4 Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren. Och do ass ee Referendum geplangt, awer réischt fir d'Enn vum nächste Joer.